Dignitéit a Liewensqualitéit och am Alter

A senger Interventioun vum 23. Oktober mécht de Jeff Engelen däitlech, datt d’ADR déi Partei ass, déi sech fir d’Dignitéit vum Mënsch an alle Liewensphasen asetzt. Och am héijen Alter soll de Mënsch en aktiven Deel vun eiser Gesellschaft bleiwen a sou laang wéi et geet kënnen un kulturellen an/oder sportlechen Evenementer deelhuelen. Eis eeler Leit hunn eist Land opgebaut a fir d’ADR ass dës Generatioun e Räichtum fir d’Land. D’Politik huet alles ze maachen, fir den eelere Matbierger e Liewen an Dignitéit ze garantéieren. Et kommen an deem Kontext grouss Erausfuerderungen op eis duer. D’Waardelëschte fir an en Altersheem sinn elo schonn immense laang an och an deem Kontext muss een d’Wuesstemsproblematik berécksiichtegen.

Trotz allem: Mir kënnen sou vill Gesetzer maachen a sou ee perfekte Kader schafe wéi mir wëllen, et bleift ëmmer och eng perséinlech Verantwortung vu jidder eenzelem, wann een en eelere Matbierger an der Famill huet, dëse reegelméisseg ze besichen an an d’Liewe mat anzebréngen. Schonn e frëndlecht a waarmt Wuert ka villes beweegen.

Jidderee wëll al ginn a leider bleift kee vun eis dovu verschount, enger op d’Hëllef vun anere Mënschen ugewisen ze sinn, dat gehéiert einfach zum Liewen dozou.Dofir ass et Verflichtung vun all eenzele vun eis, eis eeler Matbierger genee sou ze behandelen, wéi mir selwer behandelt wëlle ginn.

Deel dëse Post: