Diddelenger Schmelz – wéi weider mam Bréisseler Diktat?

2017/18 huet d’Arbed hir Diddelenger Walzwierk opgrond vun engem Diktat vun der EU-Kommissioun un den ëmstriddene Konzern “Liberty House Group” misse verkafen. Kaum dräi Joer méi spéit, gëtt säit dem Fréijoer 2021, d’Faillite vun der besotener Firma diskutéiert. D’Mataarbechter vun der Diddelenger Schmelz erliewe säitdeem e Schrecken ouni Enn, well nach ëmmer keen hinne soe kann, wéi et laangfristeg soll weider goen. Eng Saach léisst sech awer ouni Zweiwel feststellen: Dëse Misär wier ouni den arroganten Diktat vun der EU-Kommissioun liicht ze vermeide gewiescht. Selbstverständlech huet d’Regierung alles ënnerholl, fir op d’Froe vun der ADR no den EU-politesche Konsequenze vun dëser Affär, eng kloer Äntwert ze vermeiden. Wéi déi zoustänneg Madamm EU-Kommissär awer lo selwer ausgesot huet, besteet hei op jiddefalls eng zivilrechtlech Responsabilitéit vun der EU. Geet d’Regierung fir de Fall vun enger Faillite vun der Diddelenger Schmelz endlech op de Wee vun enger Klo virum Europäesche Geriichtshaff?

Hannergrond

Deel dëse Post: