D’Helde vun der Resistenz an d’Zwangsrekrutéierten net vergiessen!

print

Den 31. August ginn et 70 Joer zanter dem Opruff vu lëtzebuerger Resistenzler zum Generalstreik géint d’Aféierung duerch den Naziokkupant vun der allgemenger Wehrpflicht. Wëll nëmmen nach ganz wéineg Lëtzebuerger, déi vun dëser Katastroph betraff waren a sinn, elo nach kënne geéiert ginn, an dobäi vläicht als Zäitzeien hir Erliefnisser weider kënne ginn, fuerdert d’ADR d’Regierung dësem Anniversaire, eng ganz besonnesch Bedeitung ze ginn. Grad an Zäite wou an Europa vill Solidaritéit gefuerdert gëtt däerf den Zweete Weltkrich net als klengt Kapitel an de Geschichtsbicher ënnergoen.

Den 30 August 1942 huet de Gauleiter Gustav Simon d’Wehrflicht fir d’lëtzebuerger Jonge bekannt ginn. Den Dag drop ass Lëtzebuerg an de Generalstreik getrueden, mat Schwéierpunkten zu Wolz, zu Schëffleng an zu Déifferdeng. Den Naziokkupant hat mat enger ganz besonnescher Brutalitéit op dëse Streik reagéiert: 21 Resistenzler goufe vun engem Standgeriicht zum Doud veruerteelt an erschoss, iwwert 200 Leit goufe festgeholl a vill vun hinnen si vun der Gestapo gefoltert ginn.

De lëtzebuerger Generalstreik konnt net verhënneren, datt vill Lëtzebuerger hu missen an der Wehrmacht déngen, ënnert deenen nees vill hiert Liewen an de Schluechte verluer hunn, oder hiert ganz Liewen u Blessure gelidden hunn. Aner Jongen hu sech dem däitsche Militär entzunn, hunn sech misse verstoppen an dorënner hunn hir Famillje misse leiden, oft mat Zwangsumsiedlung.

Dëst Leed däerf net vergiess ginn, grad esou wéineg wéi déi grouss Sacrificë vun de Leit déi dës Refraktäre verstoppt hunn an a ganz schwéieren Zäite mat Liewensmëttele versuergt hunn.
Lëtzebuerg huet dësem Generalstreik vill ze verdanken. Zousätzlech zu de perséinlechen Efforte vun der Groussherzogin Charlotte an Hirer Famill, ass d’Nouvelle vum Generalstreik vum 31. August 1942 ronderëm d’Welt gaangen an huet bei den Alliéierte groussen Androck hannerlooss, esou datt nom Krich – anescht wéi 1918 – d’Fro vun der Existenz an der Souveränitéit vu Lëtzebuerg net méi am Raum stoung.

D’Wehrflicht huet zu Lëtzebuerg d’Joergäng 1920 bis 1927 betraff, also Leit déi elo tëschent 85 an 92 Joer al sinn. Et bleift net méi vill Zäit fir hinnen, an all deenen déi hinne gehollef hunn, mat hinne gelidden hunn  an se gär hunn, Merci ze soen!

Dofir fuerdert d’Alternativ Demokratesch Reformpartei d’Regierung op, der 70. Commemoratioun vum Generalstreik vum 31. August 1942 deen néidege Glanz ze ginn. Niewent den Zeremonien zu Déifferdeng, Schëffleng a Wolz mussen och Evenementer vun nationaler Bedeitung organiséiert ginn.

Nach virun der grousser Vakanz soll an all Schoulen un dëse wichtegen Dag erënnert ginn, am beschten iwwert de Wee vun der Éierung vu Leit déi den Zweete Weltkrich nach erlieft hunn. Dëst kann och iwwert de Besuch vu Schoulen an Altersheemer geschéien.

Mat der Hëllef vum Comité directeur pour le Souvenir de la Résistance sollen déi Leit, déi un den Evenementer vun 1942 deelgeholl hunn, gesicht ginn an dëst Joer ganz besonnesch geéiert ginn. Do wou et nach méiglech ass sollen hir Temoignagen opgeholl ginn a mat dem Accord vun de Betraffenen diffuséiert ginn, z.B. iwwert e speziellen Internetsite. Och bei de grousse Monumenter wéi zu Wolz an zu Esch (Musée de la Résistance) sollen dës Zeienaussoe mat moderne Mëttele virgestallt ginn.
D’ADR fuerdert d’Regierung, de Comité directeur pour le Souvenir de la Résistance an d’Post op, endlech Tabuen ze briechen: Lëtzebuerg hat Helde vun der Resistenz, dës däerfen ervir gestrach ginn, an z.B. mat enger Serie vun Timbere geéiert ginn.

D’ADR géif sech och freeë wann d’Medien dësem wichtegem Evenement déi néideg Zäit a Plaz géifen zur Verfügung stellen.

2012 ass eng vun de leschte Geleeënheeten, fir d’Leit déi ënnert dem Zweete Weltkrich gelidden hunn ze éieren, hinnen nozelauschteren an esou d’Wäerter vu Fridden, Fräiheet a Solidaritéit an dat richteg Liicht ze stellen. D’ADR verlaangt, datt d’Regierung dës Geleeënheet net verpasst!