D’Fluchsécherheet däerf net op d’Spill gesat ginn!

print

Déi Europäesch Agence fir Fluchsécherheet (EASA) huet eng Neiregelung verfaasst, laut där d’Pilote sollen erlaabt kréie fir nach méi Stonnen hannerteneen ze fléien. D’ADR fuerdert an deem Kontext d’Regierung op fir déi aktuell Limitéierunge bäizebehalen, well se méi streng sinn an deementspriechend och eng gréisser Fluchsécherheet garantéieren. Lëtzebuerger Vertrieder musse sech an den Europäeschen Institutioune kloer dofir asetzen, datt d’Sécherheet am Fluchverkéier iewescht Prioritéit huet; dozou gehéieren d’Aarbechtsconditioune vun de Piloten.

Zu der Fluchsécherheet gehéiert net nëmmen en adequaten Entretien vun de Fligeren, mä och Personal, dat gutt ausgebilt an ënnert gudden Aarbechtskonditiounen täteg ass. Aus deem Grond mécht sech d’ADR Suerge ronderëm eng Neiregelung, déi vun der EASA verfaasst gouf an d’nächst Joer soll a Kraaft trieden. Laut deem Text dierften d’Pilote bis zu 16 Stonnen hannertenee fléien; am Ament läit d’Limite bei 15 Stonnen. Fir d’Camionneuren, zum Beispill, sinn d’Fuerzäiten op 10 Stonne begrenzt. Fir d’Nuetsflich soll d’Limite op 11 Stonnen eropgesat ginn. D’EASA schléisst ausserdeem net aus, datt d’Zäite kënnen ënnert verschiddene Konditioune verlängert ginn.

Dës Neiregelung werft natierlech d’Fro vun der Fluchsécherheet op; eng Fro, déi schonn am Joer 2008 am Detail traitéiert gouf. Deemools huet d’EASA e Rapport publizéiert, de sougenanntenen „Rapport Moebius“, an deem een noliese kann, datt e Pilot, wat d’Nuetsschichten ugeet, net soll méi wéi 10 Stonnen hannertenee fléien. Mat der neier Regelung wären d’Pilote bei der Landung, eent vun de riskanteste Manövere vum ganze Vol, bis zu 21 Stonnen ouni Schlof op de Been! Engersäits ass d’EASA am Gaang hiren eegene Conclusiounen ze widderspriechen; anersäits sinn d’Vereenegt Staate vun Amerika mam gudde Beispill virgaangen an hu vru kuerzem d’Limite op 9 Stonnen erofgesat.

D’ADR fäert, déi nei Regelung kéint en negativen Impakt op d’Sécherheet am Fluchverkéier hunn. De Betriber sollen am Allgemengen déi Fräiheeten accordéiert ginn, déi se brauche fir hirer Aktivitéit nozegoen. Mä dëst däerf net op Käschte vun der Sécherheet geschéien.

D’ADR fuerdert an dëser Thematik eis Regierungsvertrieder op fir sech um europäeschen Niveau däitlech dofir anzesetzen, datt d’Sécherheet am Fluchverkéier vrun aner Consideratioune gestallt gëtt. D’Regierung muss dofir suergen, datt an Europa déi gutt Reglementatioun, wéi se a Lëtzebuerg besteet, ugewannt gëtt an datt et net zu engem Konkurrenzkampf kënnt iwwert méi schlecht an domat méi geféierlech Aarbechtsconditiounen.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.