D’Famill (och steierlech) ofschafen? De Fernand Kartheiser zur Känguru-Fro …

print

De Fernand Kartheiser war wéinst enger parlamentarescher Fro iwwert en Theaterstéck fir Kanner aus der Grondschoul staark an der Kritik vu gewëssene Kreesser. De Känguru (d’Haaptfigur am Stéck, dat iwwer d’Homosexualitéit handelt) huet esouguer säi Wee op d’Facebookprofilphotoe vu Leit fonnt. D’Chambersdebatt iwwert d’Regierungserklärung war fir hie Geleeënheet, munches richteg ze stellen, wat an de soziale Medien an an der Press iwwerflächlech erofgemaach gouf.

Seng Äntwert kënnt an zwee Deeler a mécht e grousst Stéck vu sengem Debattebäitrag zur Regierungserklärung aus, deen derwäert ass, hei separat opgefouert ze ginn. De Fernand Kartheiser pocht op d’Virrecht vun den Eltere bei der Erzéiung vun hire Kanner an dorop, datt a kenger staatlecher Institutioun a scho guer net an der Schoul däerf Indoktrinatioun bedriwwe ginn. Et ass un den Elteren ze decidéieren, wéini an a wéi engem Alter si hir Kanner sexuell opklären, besonnesch wat Theme wéi Homosexualitéit ugeet.

Wat de Begrëff vun der natierlecher Famill ugeet, erënnert de Fernand Kartheiser drun, datt et kee Recht op e Kand ka ginn (wéi am Verfassungsentworf ugedeit) mee nëmme Kannerrechter. Hie geet dann och op déi „mënschlech Tragedie“ vum neie Filiatiounsgesetz an, dat d’Gefor a sech dréit, datt d’Kand zu enger Wuer gëtt.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.