D’EU-Parlament huet rëm seng Kompetenzen iwwerschratt!

D’Europaparlament huet sech virun e puer Wochen an engem Vott géint déi a verschiddenen EU-Länner – ënner anerem och a Lëtzebuerg − applizéiert Praxis ausgeschwat, et auslännesche Staatsbierger ze erméiglechen, mat Investitiounen een Openthaltsrecht am betreffende Land ze kréien. D’Europaparlament huet déi Europäesch Kommissioun opgefuerdert, eenheetlech Reegelen ze schafen, wat dës Acquisitiounsmethod vun engem Openthaltsrecht ugeet. Ass d’Regierung gewëllt, eis national Souveränitéit an dësem Beräich géintiwwer der EU ze verdeedegen?

Deel dëse Post: