D’EU-Commissioun ass keng Regierung!

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Wie gëtt President vun der EU-Commissioun no den Europaparlamentswalen? Guy Verhofstadt, Martin Schultz a Jean-Claude Juncker gehéieren zu deenen, déi sech Hoffnunge maachen op dee Posten, well se vun hirer jeeweileger politescher Partei op europäeschem Niveau ënnerstëtzt ginn. D’Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), an där d’ADR Member ass, huet hirersäits decidéiert kee Kandidat an d’Course ze schécken . Dëst ass drop zréckzeféieren, datt d’Prozedur, déi vun den anere politesche Famillje suivéiert gëtt, weder d’Ënnerstëtzung vun den EU-Bierger nach iergendeng gesetzlech Grondlag huet.

D’AECR ass nämlech iwwerzeegt, datt d’Bierger sech net e federaalt Europa wënschen, mä en Europa vun den Natiounen, an deem déi eenzel Memberstaaten nees méi ze soen hunn. D’Bierger hunn zu Recht ëmmer méi d’Gefill, datt d’Länner ze vill Muecht un d’EU ofginn huet, datt Bréissel realitéitsfriem ass an datt d’EU sech an déi falsch Richtung entwéckelt. D’AECR wëll kee Kandidat fir d’Präsidentschaft vun der EU-Commissioun proposéieren, well se domadder géif d’Konzept selwer vun engem federalen an ondemokrateschen Europa ënnerstëtzen a souguer legitiméieren.

Den Traité vu Lissabon gesäit vir, datt d’Zesummesetzung vum Europaparlement muss a Betruecht gezu gi fir d’Nominéierung vum Präsident vun der EU-Commissioun. Am Kloertext: Géifen zum Beispill déi europäesch Sozialiste stäerkste Fraktioun am Europaparlament ginn, kéint den Däitsche Martin Schultz Nofolger vum Här Barroso ginn. Wat op den éischte Bléck eventuell wéi e Schrëtt a Richtung méi Demokratie kéint ausgesinn, ass u sech genee de Géigendeel. Déi aner europäesch Parteie wëllen nämlech eng ähnlech Prozedur applizéieren ewéi déi, déi a ganz ville Länner fir d’Regierungsbildung gängeg ass: de Spëtzekandidat vun der stäerkster Partei gëtt no de Parlamentswale Premierminister. D’AECR refuséiert awer, datt d’EU-Commissioun mat enger Regierung gläichgestallt gëtt. D’EU ass keen Zentralstaat, a soll et och net ginn!

Dozou kënnt nach, datt d’Kandidaten, déi als solches vun hiren europäesche Parteie nomméiert goufen, allerhéchstens an hirem eegene Land op enger Wallëscht stinn. Si kënnen also souwisou just vun engem Brochdeel vun den EU-Bierger gewielt ginn. Hir Walresultater, souwäit se iwwerhaapt mat an d’Wale ginn, soen also just eppes aus iwwert hir Beléiftheet an hirem Bezierk, net méi an net manner. Déi allermeescht EU-Bierger wäerte mol net wëssen, ëm wien et sech bei de Kandidate fir d’Präsidentschaft vun der EU-Commissioun handelt.

Och wann d’AECR kee Kandidat proposéiert, wëll se sellbstverständlech un den Debatten iwwert d’Zukunft vun der EU deelhuelen. Si verlaangt e faire Walkampf, deen et hir erlaabt hir eege Visioune fir d’EU virzestellen.

Deel dëse Post: