Der Laangzäit-Aarbechtslosegkeet entgéint wierken!

Jee méi laang eng Persoun aarbechtslos ass, desto méi schwéier gëtt, fir nees aus der Laangzäit-Aarbechtslosegkeet erauszekommen. A senger Interventioun vum 2. Dezember zielt den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen awer eng Rei Pisten op, wéi dëst awer gelénge kann. Am Kader vun der Covid-Situatioun wiert sech d’ADR iwwerdeems géint all Mesuren, déi d’Leit bewosst an d’Aarbechtslosegkeet dreift. An deem Kontext war d’Reformpartei z.B. och net averstanen, wéi an der Vergaangenheet e komplette Lockdown iwwert den HORECA-Secteur verhaange gouf, ouni datt et dofir eng sënnvoll sanitär Logik gouf.

Deel dëse Post: