Den 11. Oktober ass an der Chamber iwwert d’Entwécklungshëllef debattéiert ginn. Opgrond vun der schwiereger Situatioun vun den ëffentleche Finanzen zu Lëtzebuerg, ass d’ADR der Meenung, datt d’Entwécklungshëllef soll op 0,7% vum Bruttonationalakommes begrenzt ginn.

En Donneschdeg stoung an der Chamber d’Entwécklungshëllef um Programm. No der Declaratioun vun der zoustänneger Ministesch huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser Stellung geholl. Hien huet ënnert anerem verlaangt, datt d’Entwécklungshëllef op 0,7% vum Bruttonationalakommes begrenzt gëtt. Lëtzebuerg ass viru Joren dëst politescht Engagment agaangen a soll sech och drun halen. Déi aktuell Situatioun vun den ëffentleche Finanzen erlaabt et allerdéngs net, fir iwwert dëse Wäert eraus ze goen.

A senger Interventioun huet de Fernand Kartheiser ënnert anerem d’Kritiken, déi d’Cour des comptes formuléiert huet, an de Respekt vun de Mënscherechter an deene Länner, mat deene Lëtzebuerg kooperéiert, ugeschwat. „Mir kënnen net als Westen eis ëmmer nëmmen d’Schold ginn un den Zoustänn an der drëtter Welt“, esou den Deputéierten, deen op d’Buch Dead Aid – Warum Entwicklungshilfe nicht funktioniert und was Afrika besser machen kann opmierksam gemaach huet.