Soll d’Zukunft vun Europa vun 11 Ausseministere bestëmmt ginn, déi sech Ziler setze wéi: weider national Kompetenzen op Bréissel ginn; déi europäesch Traitéen ouni Eestëmmegkeet z’änneren an d’Scholde vun eenzele Memberstaaten un der Union weiderzeginn? D’ADR seet kloer Neen zu dësem Szenario, deen de Lëtzebuerger Ausseminister gehollef huet auszeschaffen a mat deem de Grand-Duché de leschte Rescht vu senger Souveränitéit géif verléieren! Op d’mannst hätt den Ausseminister missen den Accord vun der Chamber hunn, fir esou Propositiounen ze maachen.

Ouni dofir legitiméiert ze sinn, sinn 11 vun de 27 Ausseministeren aus der Europäescher Union zu Warschau zesummekomm an hu sech selwer zur „Zukunftsgrupp fir Europa“ ernannt. Ënnert hinnen ass och de Lëtzebuerger Ausseminister, den Här Jean Asselborn. D’ADR ass iwwert dës Virgoensweis, déi néierens an den Traitéë virgesinn ass, béis erstaunt. Déi 11 Ausseministeren hu mat dëser Reunioun bewise, wéi wéineg se d’Institutioune respektéieren, déi an den Traitéë festgeluecht sinn. D’Fro stellt sech och, wisou 16 Länner, dorënner Groussbritannien, Schweden, Finnland a praktesch all Memberstaaten aus dem fréieren „Ostblock“ mat der Ausnam vu Polen, aus dësem Debat ausgeschloss gi sinn.

Niewent der Virgoensweis ginn och d’Conclusiounen, déi vun dësen 11 Ausseministere festgehale goufen, der ADR Ulass zu grousser Suerg. D’Zukunftsgrupp proposéiert ënner anerem dëst:

  • méi national Kompetenze sollen op Bréissel iwwerdroe ginn;
  • d’Traitéë kënne mat enger „super-qualifizéierter“ Majoritéit decidéiert ginn, also ouni Eestëmmegkeet… an ouni den Accord vu Lëtzebuerg;
  • d’EU–Kommissioun soll déi europäesch Regierung ginn;
  • déi europäesch Institutioune sollen déi steierpolitesch Moossname vun de Memberlänner iwwerpréiwen an ëmsetzen;
  • d’EU-Kommissioun soll e Vetorecht géint déi national Budgete kréien;
  • d’Scholde vun eenzelne Memberstaate solle kënnen op d‘Unioun ëmgeluecht ginn;
  • et soll an der Kommissioun „Senior “ a „Junior“ – Kommissare ginn, wat géing heeschen, datt déi kleng Länner och an dësen Institutiounen näischt méi ze soen hätten;
  • et soll en europäesche Visum ginn an eng europäesch Arméi.

 

De Lëtzebuerger Ausseminister dréit dës Punkte mat, dofir hat en awer mat enger anerer Propositioun Schwieregkeeten. An engem Interview huet den Här Asselborn sech géint Referendumen ausgeschwat a wëllt esou de Bierger a Wieler net u wichtegen Decisioune bedeelegen!

D’ADR bekënnt sech kloer zu Europa, awer en Europa vun den Natiounen, wou déi eenzel Länner a déi eenzel Parlamenter hir Rechter weider behalen. D’Zukunft kann net heeschen, datt déi 27 Länner an engem Meltingpot verschmëlzen, datt et zu enger Transfer- a Scholdenunion kënnt, an datt all wichteg Decisiounen zu Bréissel geholl ginn. D’Kris, an där Europa stécht, huet hir Ursaach net an ze mann Europa, mä ass drop zeréckzeféieren, datt d’Bestëmmunge vun den Traitéë, wéi z.B. d’Maastricht-Kritären, net respektéiert ginn.

D’ADR besteet am Besonneschen drop, datt wichteg Decisiounen, wéi den Transfert vu Souveränitéit un Europa, Ännerunge vun de Traitéen oder d’Ophuele vun neie Memberstaate musse vun de Bierger iwwert d’Prozedur vum Referendum acceptéiert ginn.