Den eegenen Auto bleift onersetzbar

Säit Jore bekennt d’ADR sech als eenzeg Chamberspartei onageschränkt zum Recht op den eegenen Auto. Mëttlerweil weist sech, datt si alt och hei nees eng Kéier Recht hat. Wärend d’Regierung den Auto ëmmer méi duerch den ëffentlechen Transport verdränge wëll, feelt et eis parallel ëmmer méi u Buschaufferen. Wéi wëll d’Regierung op dee Problem reagéieren a gesäit si vir, fir déi mobil Selbstbestëmmung vun de Bierger nees méi ze ënnerstëtzen, fir, datt dës sech am Fall vun engem Enkpass am ëffentlechen Transport och eegeverantwortlech hëllefe kënnen?

 

 

Deel dëse Post: