Fir eng Iwwerraschung huet den CSV Stadverband an hier nei Presidentin Martine Mergen kierzlech gesuergt wéi si eng Denkpaus fir de Bau vun engem Tram an der Stad gefuerdert hunn. Während dëser Denkpaus sollten den Tram an aner iwwer- an ënnerierdesch Alternativen ënnersicht ginn.

D’Alternativ Demokratesch Reformpartei huet dës Initiativ vum CSV Stadverband begréisst an dofir huet den Jacques-Yves Henckes am Numm vum der ADR dës Woch eng Motioun an der Chamber presentéiert, déi dëse Moratoire verlaangt huet, fir datt d’Alternativen kënnen studéiert ginn, wat de finanziellen Impakt, d’Capacitéiten an déi bescht verkéierstechnech Léisung  fir d’Stad, d’Land an d’Groussregioun ugeet.

An der Chamber derfier, am Gemengerot dergéint!

Iwwerrascht war D’ADR allerdéngs wéi d’Madame Mergen an aner CSV-Deputéierten aus dem CSV Stadverband an der Chamber géint dës Motioun an also géint hier eegen Fuerderungen gestëmmt hunn.

Domatten ass den Hin an Hier vum CSV Stadverband an senger Presidentin entlarvt. Wëll si wëssen datt d’Majoritéit vun de Leit aus der Stad géint den Tram sinn, vertrieden si op lokalem Plang eben déi eng Meenung, an op nationalem Plang stëmmen si awer dergéint an trieden fir den Tram an.

D’ADR as dofir déi eenzeg Partei dei sech vir an no de Walen konsequent géint de Bau vun engem Tram a fir de Bau vun engem City-Tunnel ausgeschwaat huet an ass dervun iwwerzeecht datt dës Idee sech och um Enn wäerd durchsëtzen. Wëll nemmen de City-Tunnel  d’Verkéiersproblemer sowuel an der Stad wéi am Land an an der Grousregioun ka léisen.