An deene leschte Méint sinn eng Rei vu brutale Quälereien u Päerd geschitt. Den ADR-Norddeputéierten Jean Colombera hat sech dëser Saach an enger parlamentarescher Fro ugeholl. Déi lapidar Äntwert vum CSV-Innen- a Polizeiminister Jean-Marie Halsdorf weist, wéi wéineg hien bereet ass, sech engem Problem unzehuelen dee grouss Deeler vun der Bevëlkerung, besonnesch Jugendlecher a Kanner, beréiert. D’ADR fuerdert déi zoustänneg Regierungsmembren op, den Déiereschutz eescht ze huelen, an den néidege Respekt vis à vis vun der Chamber ze weisen. D’Art a Weis, wéi den Här Halsdorf geäntwert huet, ass inakzeptabel a manifestéiert eng Kéier méi d’Arroganz vum CSV-Staat.

Am Fréijoer hu „grausam Tierquäler“ (LW) enger Zuel vu Päerd mat schaarfe Messeren déif Wonnen bäibruet, dëst zu Bauschelt, Kruuchten, Schieren, Wolz an Dikrech. Dës kriminell Akten hu fir vill Opreegung bei den Déierefrënn gesuergt, an d’Proprietaire vu Päerd hunn an eegener Regie eng Plakataktioun lancéiert wou se ëm Mathëllef gebieden hunn.
An deem Kontext hat den ADR-Norddeputéierten Jean Colombera eng Rei Froen un den CSV-Inneminister Jean-Marie Haldsorf gestallt, deen och fir d’Police zoustänneg ass. Wéi sou dacks geet de Regierungsmember an senger Äntwert net op déi präzis Froen an, mee léist just e puer Floskelen vum Stapel. Déi lapidar Äntwert vum Polizeiminister besteet aus net emol 8 Zeilen!

Et geet doraus erfir, datt bei der Police véier Kloen agaange sinn, an datt déi un de Procureur weidergeleet goufen. Kee Wuert iwwer eng Enquête, eventuell Erkenntnisser, iwwer Präventivmoossnamen, iwwer eventuell Recommandatiounen u Propriétaire vu Päerd déi op der Weed lafen.

Et schéngt, datt déi Saach de Minister nët besonnesch interesséiert, an datt en sech duerch déi parlamentaresch Fro an senger Rou gestéiert fillt. Kee Wonner bei enger Regierung, déi et systematesch un deem néidege Respekt virum Parlament, a besonnesch vis à vis vun den Oppositiounsdeputéierten feele léist. Hei manifestéiert sech, wéi sou dacks d’Arroganz vun der Muecht. De Minister vergësst dobäi, datt daat och Arroganz ass vis à vis vun der Populatioun, déi duerch d’Deputéiert vertruede gëtt.

De Police-Minister Halsdorf schéngt vergiess ze hunn, datt de Gewaltmonopol beim Staat bleiwe muss. Fir datt et net zu Wildwest-Justiz kënnt, muss d’Police, déi dëse Monopol ausübt, d’Suerge vun de Bierger eescht huelen an déi entspriechend Instruktioune vun der Regierung kréien.

Dat gëllt och fir de Beräich Déiereschutz, deen explizit am Artikel 11bis (*) vun der Lëtzebuerger Constitutioun ageschriwwen ass. Esou wéi d’ADR fuerdert, datt et am Persouneschutz keng „zone de non droit“ däerf ginn, mussen d’Regierung, d’Police an d’Justiz sech och mat deem néidegen Engagement fir de Schutz vun den Déieren asetzen.

(*)Art. 11bis.
L’Etat ….promeut la protection et le bien-être des animaux