Spéitstens zënter der leschter Sëtzung vum Stater Gemengerot muss d’ADR-Sektioun Stad feststellen: déi Gréng schwätzen zwar vill vum ëffentlechen Transport, mä, wann et drëms geet konkret Moossnamen ze huelen, stellt sech séier eraus, datt déi schéi Sonndesrieden net méi Wäert sinn ewéi waarm Loft. Anescht ka sech d’ADR d’Attitude vun deene grénge Vertrieder am Gemengerot net erklären, déi eng Motioun zur Aféierung vun der Gratuitéit am ëffentlechen Transport net mat ënnerstëtzt hunn, awer d’Erhéijung vun den Tariffer bis zu 33% a Kaf huelen.

Begrenzt sech d’Léift vun deene Grénge fir den ëffentlechen Transport op d’Sonndesrieden? Dës Fro mussen sech déi Betraffen no der Gemengerotssëtzung vum 11. Dezember definitiv gefale loossen. Am Kader vun den Debatte ronderëm de Budget fir d’Joer 2013 huet d’Gemengeconseillère Marceline Goergen (ADR) eng Motioun deponéiert, an där et drëms gaangen ass d’Gratuitéit am ëffentlechen Transport anzeféieren. Grad déi Gréng hätten sech net nëmme sollen iwwert dës Initiativ freeën, si hätten se och misse mat ënnerstëtzen. Dëst war allerdéngs net de Fall.

Eng gréng Gemengeconseillère huet souguer behaapt, si géing dës Decisioun „schwéieren Häerzens“ huelen. All déi, déi op den ëffentlech Transport ugewise sinn, an dofir méi musse bezuelen hunn allerdéngs näischt dovunner, datt an enger Gemengerotssëtzung iwwert Gemittszoustänn diskutéiert gëtt amplaz Neel mat Käpp ze maachen.

Fir gewëssen Ziler z’erreeche muss sech eng Partei, déi notamment um lokalen Niveau an der Verantwortung ass, och déi néideg Mëttele ginn. Et geet net duer, vun de Stater Bierger ze verlaangen, datt se méi dacks op hiren Auto verzichten; et muss hinnen och eng reell Alternativ ugebuede ginn. An déi Alternativ, fir déi sech d’ADR asetzt, heescht weder Erhéijung vun den Tariffer nach Tram.

Et gëtt héich Zäit fir d’Aféiere vun der Gratuitéit am ëffentlechen Transport, well mat waarmer Loft geet d’Liewensqualitéit vun de Stater Bierger sécherlech net an d’Luucht!