D’ADRenalin weist sech verwonnert iwwert d’Verhale vu verschidde Kritiker, déi sech iwwert d’Prënzenhochzäit opgereegt hunn an dunn awer drun deelgeholl hunn. Vu Kohärenz kann hei wuel kaum Rieds goen. D’ADRenalin huet matgefeiert a bleift och bei hirer Positioun: eis aktuell Staatsform muss erhale bleiwen, och wa punktuell Verännerungen an der Verfassung néideg sinn.

Wëssen déi aner Jugendorganisatiounen iwwerhaapt nach, fir wat se stinn? Dës Fro stellt sech d’ADRenalin, nodeems si dat inkohärent Verhale vu verschiddene vun deenen Organisatiounen am Kader vun der Prënzenhochzäit ënnert d’Lupp geholl huet. Besonnesch opfälleg ass, datt grad déi, déi sech esou vill iwwert dëst Evenement opgereegt hunn, dunn awer drun deelgeholl hunn. Vläicht hu se jo Angscht vrun hirem eegene Courage?

Eng Rei jonk Leit waren am Virfeld vun der Hochzäit op eng Receptioun, déi am Groussen Theater stattfonnt huet, ageluede ginn – eng Invitatioun, déi vu gewëssene Jugendorganisatiounen demonstrativ ofgeleent ginn ass. D’ADRenalin hat se awer mat vill Freed ugeholl! D’Vertrieder vun der ADR-Jugendorganisatioun woren allerdéngs verwonnert, wéi se op där Receptioun Leit begéint hunn, déi eis aktuell Staatsform ëmmer nees a Fro stellen a kee gutt Hoer un der ierfgroussherzoglecher Koppel loossen. Dëst gëllt vrun allem fir déi jonk Piraten, déi monter matgefeiert a sech iwwert eng Foto mam zukünftege Staatschef a senger Freiesch gefreet hunn. Souguer de President vun der Piratepartei, dee kee Geheimnis aus sengen anti-monarchisteschen Tendenze mécht, huet et fäerdegbruecht sech ënnert d’Gäscht ze mëschen. Politesch Glafwierdegkeet ass eppes anescht!

D’ADRenalin freet sech och, wat zum Beispill d’Jongsozialisten an déi jonk Gréng, déi wierklech net vill mam Lëtzebuerger Haff um Hutt hunn, dovunner halen, datt eng Rei vu rouden a gréngen Deputéierten un de Feierlechkeeten deelgeholl hunn. A wat hale wuel jonk Sozialisten an Ecologisten dovunner, datt hir Jugendorganisatioune republikanesch Téin späitzen, iwwerdeems  hir Mammeparteie fläisseg modern Floskele siche fir d’Monarchie z’erhalen?

D’ADRenalin huet méi wéi eng Kéier zu dësem Thema Stellung gezunn a si bleift och bei hirer Positioun. Obwuel punktuell Ännerungen an der Verfassung néideg sinn, muss déi aktuell Staatsform erhale bleiwen. Aner Organisatiounen zeechne sech net onbedéngt duerch hir Kohärenz aus, dofir hunn se awer en anert Talent: si danzen op zwou Hochzäiten, an dobäi hunn se dach selwer behaapt, si wéilten näischt mat där vum leschte Weekend ze dinn hunn…