D’ADR hëlt déi lescht Zuele vum Statec iwwert ons Bevëlkerung zur Kenntnis: 43% vun den Awunner am Land hunn net d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Dëst ass an engems eng Beräicherung an eng grouss Erausfuerderung fir ons all, ob Lëtzebuerger oder Auslänner. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei fuerdert d’Regierung an all Kräften am Land op, all Efforten ze maache fir déi Leit, déi bei ons kommen, beschtens z’integréieren. Nëmmen eng gutt Integratioun, och iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch, ka fir d’Cohesioun vun allen Awunner am Grand-Duché suergen, an nëmmen iwwert d’Cohesioun kann d’Solidaritéit an der Gesellschaft garantéiert ginn.De Statec stellt iwwert d’Vollekszielung fest, datt nëmmen nach 57% vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen, d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, a weider, datt d’Lëtzebuerger, déi dës Nationalitéit bei der Gebuert kruten, bei 48,7% leien. Dës Situatioun ass eenzeg an Europa an et ass grad a wirtschaftlech a finanziell schwéiren Zäiten duebel wichteg fir déi sozial Kohäsioun virunzebréngen.

Schonns am Walprogramm huet d’ADR festgehalen, datt Lëtzebuerg ouni d’Immigratioun an d’Frontalieren net zu deem gi wär, wat et haut ass, an datt mir ouni si och net onst Sozialnetz hätte kënnen opbauen. Fir d’ADR stellen d’Auslänner esouwuel eng Beräicherung duer wéi eng grouss Erausfuerderung wat d’Integratioun ugeet. Dobäi bleift fir d’Alternativ Demokratesch Reformpartei d’Lëtzebuerger Sprooch d’Mëttel „par excellence“, wann och net dat eenzegt, fir dës Integratioun ze reusséieren.

D’ADR fuerdert d’Regierung op, déi néideg Mëttele fir d’Reussite vun dëser Integratioun zur Verfügung ze stellen. D’Efforten an d’Instrumenter, déi den OLAI (Office luxembourgeois d’accueil et d’intégration) aktuell bereet stellt, gi bei wäitem net duer a sinn net efficace! Och d’Dauer an d’Modalitéite vum Sproochecongé mussen no uewe verbessert ginn, an an éischter Linn fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch benotzt ginn. D’ADR wäert sech weider dofir asetzen, datt den Niveau, deen elo bei der Acquisitioun vun der Nationalitéit verlaangt gëtt, net erofgesat gëtt.

Zu den Efforten, fir ze verhënneren, datt d’Lëtzebuerger geschwënn eng Minoritéit am eegene Land ginn, gehéiert och eng aktiv Wunnengsbaupolitik, déi et méiglech mécht, datt déi, déi am Grand-Duché gebuer sinn, sech och hei kënnen en Eegenheem uschafen an net forcéiert ginn iwwert d’Grenz ze kucke fir sech en Haus oder eng Wunneng ze leeschten.

D’Zukunft vu Lëtzebuerg, déi sozial Cohesioun, d’Solidaritéit tëscht den Awunner an de Bestand vun onsem Sozialnetz ginn nëmmen iwwert de Wee vun der Reussite vun der Integratioun. Dofir däerf d’Regierung, d’Zivilgesellschaft an all Eenzelnen, ob Lëtzebuerger oder net, keen Effort scheien, fir zu dëser Integratioun bäizedroen.