[BEÄNTWERT] Déblocage d’une tranche d’aide à la Grèce

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës Drénglechkeetsfro Fro un den Här Premierminister an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg, de 27. November, huet den Eurogrupp decidéiert, Griicheland eng weider Finanzsprëtz vun 43,7 Milliarden Euro ze ginn. Ënner anere Mesurë sollen och d’Prêten u Griicheland an der Lafzäit verlängert ginn an den Zënsfouss erofgesat ginn.

Dowéinst géif ech dem Här Premierminister an dem Här Finanzminister gären dës Froe stellen:

  1. Wéi héich ass de Bäitrag vu Lëtzebuerg fir dës nei Tranche vu 43,7 Milliarden, déi u Griicheland iwwerwise gëtt?

  2. Wéi war déi éischt Lafzäit a wat ass déi nei Lafzäit fir de bilaterale Prêt vu Lëtzebuerg u Griicheland?

  3. Wéi war den éischten Zënsfouss a wéi ass den neien Zënsfouss vun dësem Prêt ?

  4. Ass et ausgeschloss, datt dëse Prêt u Griicheland vun engem Scholdeschnëtt ka betraff ginn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Député

Réponse écrite de Monsieur Jean-Claude Juncker, Premier Ministre, Ministre d’Etat; Monsieur Luc Frieden, Ministre des Finances

Deel dëse Post: