E Méindeg, den 12. November, huet de Stater Gemengerot zwou Motiounen, déi d’ADR virgeluecht huet, ugeholl, an dat eestëmmeg. An där enger geet et drëms, datt d’Schueberfouer esou accessibel wéi méiglech gemaach gëtt fir déi behënnert Leit; an där anerer geet et ëm d’Liichtverschmotzung.

 

Motioun

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg

Consideréiert:

  • datt d’Liichtverschmotzung allgemeng zouhëlt, obschonns dëst grouss Nodeeler fir de Mensch an d’Ëmwelt huet;
  • datt d‘Gemengen a besonnesch déi méi grouss Stied sollen e Bäitrag zu der Reduktioun vun der Liichtverschmotzung leeschten, besonnesch wat d’Stroossebeliichtung ugeet;
  • datt et eng ganz Rei vun « intelligenten » a besser orientéierte  Beliichtungsméiglechkeete gëtt, déi d’Liichtverschmotzung kënne reduzéieren;
  • datt eng Reduzéierung vun der onnéideger oder schlecht orientéierter Beliichtung kann dozou bäidroen Energie ze spueren a Käschten anzespueren;
  • datt d’Reduzéierung vun der Beliichtung net däerf op Käschte vun der Sécherheet goen;
  • datt d’Noperschaft vum Fluchhafe Findel och besonnesch Sécherheetsproblemer an dem Kontext stellt, zum Beispill duerch polariséiert Liichtstralen, an datt déi zoustänneg Autoritéite fir de Findel dowéinst och misste consultéiert ginn;
  • datt am Ausland schonns vill Stied a Gemenge grouss Efforte maache fir d’Liichtverschmotzung ze reduzéieren.

Decidéiert:

  • déi zoustänneg Déngschter vun der Gemengeverwaltung ze beoptrage fir bis den 1. September 2013 eng Etude ze maachen an en Aktiounsplang opzestelle fir d’Beliichtung an der Stad progressiv ze reduzéieren, fir datt d’Stad Lëtzebuerg  hire Bäitrag géint d’Liichtverschmotzung ka leeschten;
  • déi zoustänneg Déngschter vum Staat z’encouragéieren, bei där Etude matzemaachen an d’Beliichtung vun de Staatsstroosse progressiv unzepassen;
  • d’Resultater vun dëser Etude an de „code de bonne conduite“ fir d’Ëmwelt afléissen ze loossen;
  • d’Resultater vun dëser Etude an de Bebauungsplang afléissen ze loossen, a besonnesch d’Liichtreklammen an d’Beliichtung vun de Butteksfënsteren op eng verstänneg Mooss ze reduzéieren.

Marceline Goergen
Gemengeconseillère

 

Motioun

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg

ugesinn

  • déi grouss Resonanz a Beléiftheet vun der Schueberfouer,
  • datt et op der Fouer eng Rei Deeg gëtt wéi de Familljendag oder de Biergerdag,
  • datt et wichteg ass, datt déi behënnert Matbierger e gläichberechtegten Zougank zu allen Deeler vum Liewe garantéiert kréien, an dozou gehéiert natierlech och déi gréisste Kiermes am Land,

invitéiert de Schäfferot

  • dofir ze suergen, datt déi behënnert Matbierger einfachen Zougang op d’Fouer kréien, z.B. iwwert genuch Parkplaze fir Leit mat Schwieregkeete fir sech ze deplacéieren,
  • dofir ze suergen, datt déi néideg Informatioune fir op d’Fouer ze kommen och fir Leit, déi wéineg oder näischt gesinn oder déi wéineg oder näischt héieren, accessibel sinn;
  • dofir ze suergen, an Zesummenaarbecht mat de Forainen an den technesche Servicer vun der Stad, datt esou vill Spiller wéi méiglech, an och Restauranten, fir all Bierger accessibel sinn,

Marceline Goergen
Gemengeconseillère