D’ADR Stad ass verwonnert iwwert dem Buergermeeschter seng „Freed“, datt d’Butteker an der Haaptstad vill méi dacks däerfe Sonndes opmaachen. Sécherlech deelen net all Salariéen, fir net ze soe bal keng Salariéen, déi vun der Mesure betraff sinn, dem Här Bettel seng Begeeschterung. Doduerch datt, mat klengen awer stännege Schrëtt, de Sonndeg zum „normalem“ Aarbechtsdag gëtt, wäert d’Liewensqualitéit an de Famillje weider ofhuelen. Och d’Veräinsliewe gëtt ëmmer méi schwéier.

Mam Averständnes vun der CSV-Ministesch Françoise Hetto-Gaasch huet déi Blo-Gréng Koalitioun et duerchgesat, datt an der Stad d’Geschäfter all drëtte Sonndeg am Mount däerfen opmaachen. Esou gëtt e weidere Schratt gemeet fir de Sonndeg zum normalem Aarbechtsdag ze maachen. Bei enger Kafkraaft déi éischter erofgeet, wäert dës Moossnam de Geschäftsleit insgesamt kaum méi Recette bréngen, dëst awer bei méi Onkäschten. D’Salariéë wäerte méi oder wéineger fräiwëlleg missen d’Sonndeger schaffen, a ginn esou aus hirer Famill oder hirem Veräi gerass.

D’ADR Stad steet voll a ganz hannert dem ADR Wahlprogramm. Doranner heescht et: „D’ADR ass der Meenung, datt de Sonndeg prinzipiell der Famill gehéiert, an datt de gemeinsame fräien Dag der Cohesioun vun der Gesellschaft vun Notzen ass, z.B. fir d’Organisatioun vu kulturellen a sportlechen Aktivitéiten. Dowéinst steet d’ADR zum aktuellem Gesetz iwwert d’Geschäftszäiten op de Sonndeger“. Alternativ duerzou sollen d’Geschäftsleit vu Méindes bis Samschdeg fräi decidéieren, wéini si hir Butteker opmaachen, an esou hir Clientë beschtméiglech bedéngen. Dobäi sollen d’Konditioune fir d’Salariéë mat de Betribsréit oder Gewerkschaften ausgehandelt ginn.

D’ADR Stad appeléiert un de gesonde Mënscheverstand a rifft déi Verantwortlech aus der Gemeng an der Regierung op, d’Recht vun de Mënschen op Familljeliewen a Fräizäit ze respektéieren.