Mam Depot vum Budget fir d’Joer 2013 beweist d’Regierung op en Neits, datt se net fäeg ass op de richtege Plazen ze spueren. An dësem Kontext verweist d’ADR op d’Spuerlëscht, déi se schonn am Abrëll publizéiert huet. Virun de leschte Chamberwalen hat sech d’CSV mat hirer Finanzkompetenz gebretzt; d’ADR stellt awer fest, datt d’Regierung a Budgetsfroe verseet. Mat engem Defizit vun 1,3 Milliarden Euro fir 2013 ass d’Zil vun engem equilibréierte Budget 2014 net méi z’erreechen.Haut huet de Finanzminister de Budget fir d’Joer 2013 an der Chamber deposéiert an domadder eist Land nach méi ënnert dem Scholdebierg begruewen. Mam Defizit vun 1,3 Milliarden Euro beweist d’Regierung, datt se handlungsonfäeg ass an net wëll verstoe, wéi wichteg gesond Staatsfinanze fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg sinn.

D’ADR fuerdert scho laang, datt endlech gespuert gëtt, mä si ass der Meenung, datt d’Moossnamen, déi de Finanzminister ugekënnegt huet, falsch sinn. Si stellt zum Beispill fest:

•    Datt d’Tariffer fir den ëffentlechen Transport erhéicht ginn ass weder ekologesch nach sozial gerecht.
•    Bei der Mammerent solle 7 Milliounen Euro gespuert ginn, an dat haaptsächlech op Käschte vun de Fraen, déi jorelaang fir niddereg Léin schaffe gaange sinn. D’ADR verlaangt, datt all Mamm ënnert de selwechte Konditiounen déi Rent kritt.
•    D’Tariffer vun de Chèques-service gi fir d’Eltren an d’Luucht. Trotzdem gëtt de Präis vun dësem CSV-Walkado ëmmer méi héich fir d’Ëffentlechkeet (48 Milliounen am Joer 2012, 84 Milliounen am Joer 2013!). Dëse Paradox ass nëmmen ee Beispill ënnert ville fir d’Inkompetenz vun der Regierung.

An den Ae vun der ADR wär et méi sënnvoll gewiescht d’Entwécklungshëllef ze kierzen (an net z’erhéijen, wéi d’Regierung et am Budget proposéiert) an op Projete wéi den Tram oder den UNO-Sécherheetsrot ze verzichten. D’ADR stellt och fest, datt d’Gemenge sech ëmmer méi verschëlden. Dowéinst misst d’Cour des comptes d’Recht kréien, fir d’Opportunitéit vun den Depensen um Niveau vun de Gemenge ze kontrolléieren.

D’Progressioun vun den ëffentlechen Depensë muss jiddefalls gestoppt ginn an de Budget muss an d’Gläichgewiicht kommen. Der CSV hire séchere Wee féiert Lëtzebuerg riicht an eng Scholdefal, déi vrun allem déi jonk Generatioune belaascht!