De Schleier an ëffentleche Schoulen: wéi domat ëmgoen?

Soll een de Schleier an ëffentleche Schoule verbidden? De Fred Keup freet de Schoulminister.

Fro:

De Schleier an aner reliéis Symboler sinn an ëffentleche Schoulen e kontroverst Thema zu Lëtzebuerg, wéi och an aneren europäesche Länner. Am Ablack gëtt dat Thema op en Neits diskutéiert, nodeems sech eng wichteg national Gewerkschaft d’Droe vum Schleier an eise Schoule verbidde wëll. Fir si ass de Schleier en Ausdrock vun Ënnerdréckung, feelplatzéiert an enger oppener Gesellschaft. Zu Lëtzebuerg ass d’Droe vum Schleier an den ëffentleche Schoule gesetzlech net verbueden.

An dësem Kontext hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  • A Frankräich ass d’Droe vum Schleier an ëffentleche Schoule verbueden. Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt de Schleier net mat der Iddi vun Trennung vu Kierch a Staat kompatibel ass?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt d’Erlabe vum Schleier bei gläichzäitegem Verbuet (jee no Schoul) vun “provokativen” Kleedungsstécker eng Form vun Diskriminéierung géint Schüler duerstellt, déi hir perséinlech Iwwerzeegungen a Form vun onkonventionellen, awer net geféierleche Kleedungsstécker, wéi z.B. engem T-Shirt, ausdrécke wëllen? Wann nee, aus wéi enge Grënn ass dat keng Diskriminéierung?
  • An der Circulaire vum 26. Juni 2014 un d’Schouldirekteren heescht et: Le défi auquel se voit confrontée I’école publique est de rendre compatibles la liberté d’expression des élèves et la neutralité de I’école par rapport à des questions de religion sans compromettre Ie bon fonctionnement de I’école.” Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt dës Uweisung vu ville Proffen esou kéint verstane ginn, datt et besser ass, “all Problemer aus dem Wee ze goen” wéi d’Neutralitéit an domat de “bon fonctionnement” vun de Schoulen ze erméiglechen?
  • Wéi steet den Här Minister zur Ausso vun der Gewerkschaft, déi fir e Verbuet vum Schleier an ëffentleche Schoule plädéiert, dass d’Erlabe vum Schleier “weider Fuerderunge vu bestëmmte Gemeinschaften” fërdert, sou zum Beispill “die bereits gewährte Abwesenheit bestimmter Kinder, damit sie an der Feier islamischer religiöser Feiertage teilnehmen können, die Nichtverpflichtung für Mädchen, den gesamten Biologieunterricht zu besuchen, die Wahl des Geschlechts des Lehrpersonals oder des Schularztes oder auch die Anfechtung des gemischten Sportunterrichts”? (L’Essentiel vum 24.10.22)

Äntwert:

D’Instruction ministérielle vum 26. Oktober 2014 gëtt als Zil vir, « de rendre compatibles la liberté d‘expression des élèves et la neutralité de l’école par rapport à des questions de religion sans compromettre le bon fonctionnement de l’école ». Follgend Punkte ginn ausdrécklech preziséiert:
« (1) L’accès à l’enceinte du lycée est interdit à toute personne qui a le visage voilé ou camouflé de sorte qu’elle ne puisse être identifiée. (…)
(2) Chaque élève est tenu de participer à tous les cours prévus par la grille horaire (…) ; les cours sont communs pour les deux sexes. »
Weder aus dem Enseignement fondamental nach aus dem Enseignement secondaire goufe menge Servicer Problemer oder Konflikter am Zesummenhang mam Droe vum Schleier signaléiert. Et gëtt deemno aktuell kee Grond, iwwert d’Dispositioune vun der uewe genannter ministerieller Instruktioun erauszegoen.

Deel dëse Post: