De Roy Reding war Invité vun der RTL-Redaktioun

Déi aktuell Covid-Politik vun der Regierung ass en Total-Versoen, chaotesch an ouni Logik. Esou huet den Deputéierten Roy Reding, dat neit Covid-Gesetz haut um Radio kommentéiert. Fir d’Schnelladrer nëmmen am Horeca-Beräich anzesetzen ass Quatsch, dofir hätt d’ADR déi Test-Flicht ganz ewechgelooss. Schaarf Kritik och un der Ausgangsspär an och am Sport wieren déi nei Reegelen net koherent. Firwat eng Limite vun 150 Leit? Dat misst einfach proportionell zur Surface gekuckt ginn. An der Affär vum EX-Vizepremier Felix Braz, seet de Roy Reding, datt hei e Kranken aus der Regierung erausgehäit ginn ass, dat wier moralesch alles anescht wéi an der Rei.

 
Deel dëse Post: