De Risiko fir Alters- a Fleegeheemer kleng halen

Leider huet d’Aktualitéit gewisen, wéi ufälleg Strukturen fir méi al Leit oder Leit, déi dauernd Fleeg brauchen, an Zäite vun der Corona-Epidemie sinn. Leit aus deem Sekteur sinn net iwwerzeegt, datt alles optimal leeft a soen dat och. Als Reaktioun huet de Fernand Kartheiser direkt eng parlamentaresch Fro gestallt. Et geet him em spezifesch Sécherheetsmoossnamen an esou Strukturen. Zum Beispill freet hien, ob déi néideg Distanze respektéiert sinn, wann dës Leit all zesummen iessen oder wann hirt Zëmmer vun de Botzekippe gemaach gëtt.

Deel dëse Post: