De Presserot deelt d’Meenung vun der ADR!

print

D’ADR fuerdert, datt de Gesetzprojet 6127 soll zréckgezu ginn.

Virun engem Joer sollt e Gesetz gestëmmt ginn, wat d’Pressefräiheet a Gefor bruecht hätt. No enger energescher Pressekonferenz vun der ADR ass de Projet net an d’ëffentlech Sëtzung an d’Chamber komm. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei ass frou driwer, datt elo och de Presserot an séngem Avis der Meenung ass, datt dëst Gesetz weder opportun nach néideg ass. D’ADR fuerdert, datt de Projet de loi 6127 zeréck gezu gëtt.

Ënn Abrëll 2010 hat d’Chancegläichheetsministesch Françoise Hetto-Gaasch (CSV) e Gesetzprojet deponéiert, mat deem d’Fräiheet vun der Press am Beräich vun der „égalité de traitement entre hommes et femmes“ ageschränkt sollt ginn. Dëst Gesetz huet expressis verbis géint eng europäesch Direktive verstouss, déi der Press dës Exceptioun zougesteet. Fir d’ADR verstéisst dëse Projet an eklatanter Weis géint d’Pressefräiheet.

An der zoustänneger Chamberkommissioun vum 18. Januar 2011 huet de Vertrieder vun der ADR, den Deputéierte Fernand Kartheiser, als eenzege géint de Projet vum Rapport gestëmmt. Vir op déi grouss Gefoer fir d’Pressefräiheet opmierksam ze maachen huet d’ADR dunn, den 21 Januar 2011, eng Pressekonferenz zu dësem Thema ofgehalen, a weider national an international Institutioune mat engem Courrier op dës Gefoer opmierksam gemaach. No der Pressekonferenz ass dunn de Projet de loi 6127 op Äis geluet ginn.

De Presserot ass duerch de Bréif vun der ADR op de Gesetzprojet opmierksam ginn, an huet sech dunn den 31. Januar 2011 beim Premier Jean-Claude Juncker beschwéiert, datt hien net ëm en Avis gefrot gi war. Duerno konnten d’Membere vum Presserot hir Doléancen an engem Gespréich mat de Ministere François Biltgen a Françoise Hetto-Gaasch duerleeën.

Am offiziellen Avis, deen elo der Chamber virläit, kënnt de Presserot zur dëser Conclusioun: „Estimant par conséquent qu’au Grand-Duché de Luxembourg toutes les garanties quant au principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes sont données du point de vue journalistique et qu’il est dangereux voire même néfaste pour tout système démocratique d’entraver directement ou indirectement au très sensible principe fondamental de la liberté de la presse, le Conseil de Presse ne voit ni l’opportunité ni la nécessité pour une initiative législative en la matière. Il est donc d’avis que le législateur devrait renoncer à inclure le domaine relatif au contenu des médias dans le projet de loi numéro 6127“.

D’ADR ass frou, datt de Presserot d’Meenung deelt, déi de Fernand Kartheiser an der Chamberkommissioun als eenzegen vertrueden huet, a schléisst sech voll a ganz de Conclusioune vum Presserot un. D’Alternativ Demokratesch Reformpartei fuerdert dofir d’Regierung op, de Projet de loi 6127 zréckzezéien, a wäert sech weider zu Lëtzebuerg fir d’Pressefräiheet asetzen an d’Fräiheet am allgemengen.

Weiderféierend Quellen:

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.