De Klimaprêt als finanzielle Risiko

Energiepass

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup no der Méiglechkeet, ee vun der Regierung ënnerstëtzte Prêt unzefroe fir säin Haus energeetesch ze sanéieren, huet d’Regierung den 22. Januar Folgendes geäntwert: “Dës Zuele weisen, dat de Klimaprêt net den erhofften an néidegen Erfolleg kennt, wéi et néideg wier, fir engersäits déi energetesch Renovatioune vun eelerer Bausubstanz virun ze dreiwen an anerersäits grad deene Stéit mat méi niddregen Akommes ze hëllefen”. Wéi der ADR an deem Zesummenhang zougedroe gouf, musse Bierger, déi an de “Genoss” vun dëser Zoulag wëlle kommen, dacks nach en deieren Energieberoder bezuelen, ier si iwwerhaapt wëssen, op si de Prêt kréien. Besonnesch fir Leit déi net vill verdéngen, en zousätzleche Risiko, dee liicht kann ofschrecken. De Fred Keup wëll vun den zoustännege Ministere wëssen, firwat dës Käschten net automatesch rembourséiert ginn.

Hannergrond

Deel dëse Post: