De Gast Gibéryen op 100,7

En Dënschdeg, den 12. Januar 2016 war de Gast Gibéryen den Invité vum Dag op Radio 100,7. Den ADR-Deputéierten huet dobäi eng ganz Rei Froe beäntwert, iwwert déi gutt Stëmmung an der ADR iwwert eng eventuell Koalitioun an d’Flüchtlingspolitik bis zu internationale Froen.

Hei de Resumé um Site vum 100,7:

D’ADR positionéiert sech, nieft deene Gréngen, als potentielle Koalitiounspartner an enger zukënfteger Regierung mat der CSV. Dem Gast Gibéryen no kéime keng aner Parteien a Fro. Den ADR-Deputéierte féiert déi gutt rezent Sondagë fir d’ADR op déi eege Parteiaarbecht zréck. Awer och dorobber, datt vergaangen intern Meenungsverschiddenheeten iwwert d’Ausriichtung vun der Partei gekläert wären. Mat der ADR an enger CSV Koalitioun géing dat geplangtent Nationalitéitegesetz réckgängeg gemaach ginn, esou nach de Gast Gibéryen . Trennung vu Kierch a Staat wëllt d’ADR net integral réckgängeg maachen. Den ADR-Deputéierten huet déi generell Ausriichtung vun der Flüchtlingspolitik vun der Regierung gelueft.

Deel dëse Post: