Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen, deen och President vun der Reglementscommissioun ass, huet de 4. Dezember zwee Ännerungsvirschléi an der Chamber presentéiert. Als Rapporteur vun deenen Texter ass en op déi wichtegst Punkten agaangen:

  • D’Konte vum Mediateur ginn och vun der Cour des Comptes kontrolléiert.
  • Et gëtt eng nei Prozedur ageféiert, wat d’Motiounen an d’Resolutiounen ugeet.