De Gast Gibéryen ass Chamberpresident

De Gast Gibéryen sëtzt zanter 1989 onënnerbrach an der Chamber. Als déngschteelsten Deputéierte presidéiert hien elo d’Chamber, bis déi nei Regierung steet. A senger Erëffnungsried vum 30. Oktober appelléiert hien un d’Gewësse vun de gewielte Volleksvertrieder:

“Mir mussen alles Erdenkleches maachen, fir datt kee Gruef vum Genre “déi do uewen” a “mir hei ënnen” entsteet. Wa mir d’Wierklechkeet um Terrain aus den Ae verléieren, dann dierfe mir eis net doriwwer wonneren, wann de Wieler der Politik verdrësslech gëtt.”

 

 

 

Deel dëse Post: