De Fernand Kartheiser zur Terrorismusbekämpfung

En Dënscheg, den 30. September 2014, hat de Radio 100,7 en Interview mam Deputéierte Fernand Kartheiser iwwer d’Terrorismusbekämpfung. Bei där Geleeënheet huet den ADR-Deputéierte besonnesch kritiséiert, datt den Här Asselborn sech ëmmer eng Bedeelegung vun enger terroristescher Organisatioun, der Hamas, un enger palästinensescher Regierung wënscht.

En huet och ech däitlech drun erënnert, datt eist Land e Geheimdéngscht brauch fir géint déi terroristesch Menace kënnen efficace virzegoen. Déi Zäiten wou d’Gambia-Parteien hir populistesch anti-SREL an anti-USA Rhetorik konnten an d’Welt setzen, sinn un der Realitéit vum Krich am Noen Osten gescheitert.
Haut muss eis Gambia-Regierung sech international zu enger Politik verflichten, déi se nach virun engem Joer ëffentlech verdaamt hunn.

Deel dëse Post: