De City Tunnel: méi bëlleg wei eng hallef Tramslinn!

print

De GIE Luxtram wëll sengem Tram nëmme Käschten urechnen, déi direkt mam Gefier ze dinn hunn. Dat ass net seriös, wëll wa verglach gëtt, mussen déi komplett Käschten vun den zwee Systemer verglach ginn, déi um Dësch léien.

Nodeems de Veräin RER kierzlech virgerechent hat, den Tram vun der Haaptgare bis op d‘Foire kéim eleng op mindestens 1,74 Mrd. € (den Detail dovun fannt der op www.rer.lu), huet de GIE Luxtram iwwer Nuecht déi Käschten, déi hien zum Tram ziele wëllt, vun 150 op 402 Mio. € erhéicht!Nodeem de Büro Basler 2003 am Optrag vum deemolegen Transportminister Grethen, deen de City Tunnel wollt ofschéissen, dofir 1,16 Mrd. € Käschten ausgerechent hat, wier mat deem leschten offiziellen Chiffer de City Tunnel also drei Mol esou deier wéi eng hallef Tramslinn.

City-Tunnel: déi bescht a bëllegst Léisung

Rechent een allerdéngs beim Tram all d’Niewekäschten derbäi, da kënnt dat bësselchen Tram méi deier ewéi eng Léisung aus engem Goss. Mam City-Tunel kënnen do dernieft 30.000 Leit pro Richtung a Stonn transportéiert ginn, iwwerdeems den Tram op senger Mini- Streck pro Richtung der nëmmen 6.000 ophuele kann.

Prinzipiell muss dat heiten gesot ginn: Mer schwätzen hei vun enger Joerhonnertinvestitioun. Souguer wann den Tram um Enn e bësse méi bëlleg sollt sinn, ass en nach ze deier, well et déi falsch Léisung ass, a well den Tram d’Verkéiersproblemer vun der Stad Lëtzebuerg, dem Land an der Groussregioun net léise kann. Nëmmen de City-Tunnel kann déi Problemer léisen.

Dofir ass de City-Tunnel um Enn déi beschten a bëllegst Léisung.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.