D’Debatt ëm den Här Mersch entlarvt d’Doppelmoral vu Juncker, Reding a Co!

print

D’Nominatioun vum Här Yves Mersch an den Directoire vun der Europäescher Zentralbank gëtt zënter e puer Deeg vum Europaparlament blockéiert, an dat, well en e Mann ass. D’ADR, déi sech ëmmer géint all Quotelogik ausgeschwat huet, ënnerstëtzt dës Kandidatur a kritiséiert d’Haltung vun den CSV-Politiker Jean-Claude Juncker a Viviane Reding, déi elo Affer vun hirer eegener Rhetorik ginn.An deene leschten Deeg ass ganz vill iwwer d’Nominatioun vum Här Yves Mersch an den Directoire vun der Europäescher Zentralbank geschwat a gestridde ginn. D’ADR hält den Här Mersch fir en héich kompetente Kandidat fir dee Posten an ënnerstëtzt dowéinst och seng Kandidatur. D’ADR hofft, datt mat der Nominatioun vum Här Mersch an den Directoire e weidere Member vun deem Gremium fir eng währungspolitesch streng a verantwortungsvoll Linn am Interessi vun der Geldstabilitéit am Euroraum géing antrieden.

Wat d’Quotendebatt ugeet, rifft d’ADR an Erënnerung, datt si sech ëmmer géint all Quotelogik ausgeschwat huet. Fir si zielen d’Kompetenz an déi perséinlech Eegeschafte vun engem Kandidat, awer ganz sécher net säi Geschlecht, seng Hautfaarf, seng sexuell Orientéierung oder ähnlech Critèren. Aus deem Gronn insistéiert d’ADR och op d’Nominatioun vum Här Mersch a verlaangt, datt d’Europaparlament déi Prozedur net an d’Längt zitt. Niewebäi freet sech d’ADR och, ob d’Europaparlament net einfach d’Geleeënheet hëlt fir géint e Lëtzebuerger Kandidat virzegoen.

Blamabel ass d’Haltung vun den CSV-Politiker Jean-Claude Juncker a Viviane Reding. Jorelaang hu si, do wou et hinne passt an do wou si mengen, et géing hinne Stëmmen abréngen, Fraequote gefuerdert. D’Madame Reding hat dat souguer ganz spezifesch fir den Directoire vun der Europäescher Zentralbank gemaach! Elo sinn si d’Affer vun hirer eegener Rhetorik ginn a probéiere sech aus hirer eegener laangjäreger Argumentatioun erauszerieden. Fir d’ADR ass den traurege Spektakel typesch fir d’Doppelmoral an der Juncker- a Reding Politik!