Dësen Artikel ass an der Spezialeditioun vum Pefferkär fir de 25. Jubiläum vun der ADR publizéiert ginn.

Mat op d’mannst zwou wichtege Gesellschaftsfroe muss sech d’Chamber an dëser Legislaturperiod nach beschäftegen: d’Reform vum Ofdreiwungsgesetz an d’Bestietnis tëscht gläichgeschlechtleche Koppelen. Obwuel jiddfer Deputéierten däerf a soll fräi no sengem Gewëssen ofstëmmen, fäert d’ADR net fir an dëse wichtegen Dossiere Faarf ze bekennen. Zu der Positioun vun der CSV ka si nëmme soen, datt et héich Zäit gëtt fir en endgültege Verzicht op den „C“!

De Schutz vum Liewe gehéiert zu de Grondprinzipien, fir déi sech d’ADR asetzt. Aus deem Grond wiert si sech géint d’Reform vum Ofdreiwungsgesetz, esou wéi se am Ament an der zoustänneger Chamberscommissioun ënnersicht an debattéiert gëtt. Mat Ausnam vun der ADR hu sech all d’Parteie fir eng sougenannte Fristeléisung ausgeschwat. Bis zur zwielefter Schwangerschaftswoch kéint sech also d’Fra engem Avortement ënnerzéien, an zwar praktesch ouni datt et dofir e spezielle Grond, z. B. gesondheetlecher Natur, misst ginn.

D’ADR erënnert dorunner, datt am aktuelle Gesetz all déi Situatiounen opgezielt sinn, an deenen e Schwangerschaftsofbroch souwisou stroffräi ass: Gefor fir d’Gesondheet vun der schwangerer Fra, héije Risiko vun enger schwéierer Krankheet beim Kand, Schwangerschaft als Konsequenz vun enger Vergewaltegung. All déi Ausnamefäll gi souwisou scho berücksichtegt. Firwat soll d’Gesetz also nach méi liberaliséiert ginn? A firwat ass a bleift d’ADR déi eenzeg Partei, där de Schutz vum ongebuerene Liewen net egal ass?

Datt et ëmmer nees zu ongewollte Schwangerschafte kënnt ass gewosst. Si kéinten awer ënnert anerem duerch en Opklärungsunterrecht an de Schoulen an duerch e besseren Accès zu de verschiddenste Verhütungsmëttelen zum Deel vermidde ginn. D’Mammen an d’Pappen, déi sech trotz de Schwieregkeete fir hiert Kand entscheeden, mussen déi Ënnerstëtzung kréien, déi se brauchen.

D’Wuel vum Kand steet am Mëttelpunkt vun der Familljepolitik, fir déi sech d’ADR staark mécht. Aus deem Grond steet si dem Bestietnis tëscht gläichgeschlechtleche Koppele kritesch géigeniwwer. Wann zwou Fraen oder zwee Männer mat enger Koppel, déi aus engem Mann an enger Fra besteet, gläichgestallt ginn, da ginn all d’Diere fir d’Adoptioun grouss opgerappt. Fir d’ADR kann e Kand – an dat gëllt och wann d’Eltere gescheet sinn – nëmmen ee Papp an eng Mamm hunn.

Datt et iwwerhaapt zu dëse Reforme konnt komme läit eenzeg an eleng um onverantwortleche Verhale vun der CSV. No de leschte Chamberwalen huet si dem Drock vun de Sozialisten noginn an domadder hir eege Grondsätz verroden. Wann d’CSV der Meenung ass, datt d’Famill, als Kärzell vun der Gesellschaft, e verhandelbare Wäert huet, da soll si zu hirer Positioun stoen an am Numm vun der Kohärenz a vun der Éierlechkeet géigeniwwer dem Wieler op hiren „C“ verzichten!