Déi nei Presidentin vun der Stater CSV, Martine Mergen,  verlaangt eng Denkpaus a Saachen Tram a wëll dass och aner Alternativen  gepréift ginn. Virun allem wëll se datt souwuel de Käschtepunkt vum  Tram, wéi och dee vun den Alternativen ënnert der Stad erduerch gepréift  ginn.

D’Alternativ Demokratesch Reformpartei begréisst natierlech all  Denkprozess deen derzou bäidroe kann de Projet Tram ze verhënneren, dat  well mir iwwerzeegt bleiwen, dass den Tram d’Verkéiersproblemer vu  Lëtzebuerg an der Groussregioun net léise kann. Dat kann nëmmen de  Projet City-Tunnel.

CSV Stad knäipt bei der ADR

D’ADR huet allerdéngs och e puer Problemer mat der Presidentin vun der CSV-Stad hire Fuerderungen. Fir d’éischt emol huet se se bei eis geknäipt! D’ADR verlaangt zanter Joren datt de Projet Tram an de Projet City Tunnel reell evaluéiert ginn, souwuel wat hir technesch Machbarkeet wéi och hire Käschtepunkt ugeet. Béides ass bis haut net geschitt. Beim Käschtepunkt vum Tram zeechent sech iwwerdeems ëmmer méi of, datt vill „verstoppte“ Fraisen einfach net an de Projet mat agerechent ginn.

Als zweet erënneren eis déi rezent Aussoe vun der CSV-Stad un d’Pirouetten a Saachen Tram vun hirem fréiere President, Laurent Mosar. Firun de Gemengewahlen 2005 hat och den Här Mosar ganz staark Bedenke géint de Projet Tram. No de Gemengewahlen sin dës Bedenken allerdings ëmmer manner gin fir sech um Enn op technesch Detailler ze reduzéieren.

Just kommunal-elektoral Taktik

D’ADR fäert datt hannert der CSV-Stad hire rezenten Aussoen alt nees just kommunal-elektoral Taktik stécht; zemol well hir Vertrieder, vun deenen eng Partie an der Chamber sëtzen, un sech hannert dem Chamberwahlprogramm vun  hirer Partei misste stoen. An an deem gëtt sech ausdrécklech fir den Tram ausgeschwat. Schwätzen d’Stater CSV-Deputéierten also an Zukunft an der Gemeng géint den Tram a stëmmen an der Chamber derfir? Mir si gespaant!

Den Tram gëtt nie gebaut!

Bei alle Widderspréch fille mer eis an engem confirméiert: Den Tram wärt nie gebaut gin. Dat hu mer virun de Wahlen gesot, dat sote mer bei eiser Rentrée parlementaire Uganks Oktober an dat soe mer och nach haut. Wann am Regierungsprogramm steet, datt all Projet op seng finanziell Machbarkeet iwwerpréift muss ginn, da kann dat fir den Tram nëmmen den „Out“ bedeiten, well den Tram, egal wat e kascht, d’Verkéiersproblemer net léist.