D’Bauere brauchen e Partner, kee Kontroller!

Frust bei de Baueren: Esou kéint de Fazit vun enger Entrevue vun eiser Partei mat der Bauerenallianz, vertrueden duerch de Camille Schroeder, de 15. Februar 2016,  heeschen. Thema war haaptsächlech dat neit Agrargesetz, dat kuerz virun der Finaliséierung steet. D’Regierung bleift sech trei, well den Haaptkritikpunkt ass de Manktem u Respekt, deen se un den Dag leet. D’Bauere fille sech net verstan, an dat an Zäiten, wou et hinnen net gutt geet, wou d’Präisser fir hir Produiten am Keller sinn a wou se ënnert dem russeschen Embargo ze leiden hunn, deen als Reaktioun op d’EU-Sanktiounen géint Moskau koum.

Datt Lëtzebuerger Produiten net esou einfach an eise Schoulen op den Dësch kommen, datt all grousse Projet fir d’Landwirtschaft, siefen et Ackerbauschoul, Agrarzenter, Berodung vun de Betriber, d’Baach agaang sinn, datt d’Paperassen ëmmer méi komplizéiert ginn an Zäit ewechhuelen, kruten fir d’ADR de Parteipresident Jean Schoos, déi Deputéiert Roy Reding a Fenrand Kartheiser an de Roby Mehlen ze héieren. Am gemeinsame Gespréich sinn awer och Solutiounen ugeschwat ginn: Schluss mat utopeschen Ëmweltoplagen a Schluss dermat, datt Lëtzebuerg besser wéi Bréissel wëll sinn an op Maximalkritären ëmmer nach een dropsetzt. Och d’Baueren hunn es genuch vu Gambia, an och d’Baueren fille sech vun der Regierung gedirängelt, net verstan a net fir eescht geholl. D’Landwirtschaft brauch eng staatlech Verwaltung als Partner, deen hëllefe kann, an net als Kontroller, dee pingeleg op Paragraphe reit.

Deel dëse Post: