D’Arméi fir Jonker méi attraktiv maachen!

De COPRAL (Cours de préparation à l’Armée luxembourgeoise), deen den Ament am technësche Lycée vun Ettelbréck ugebuede gëtt, ass e grouse Succès. A senger Interventioun vum 13. Februar plädéiert de Fernand Kartheiser dofir, de COPRAL och op aner Lycéen auszebauen. Uniforméiert Beruffer erfuerdere sozial Kompetenz, eng gutt sportlech Konditioun, Hëllefsbereetschaft an Disziplin – all dat sinn Eegeschaften, déi, wéi et schéngt, ëmmer méo ofhuelen an eiser Gesellschaft. An deem Sënn argumentéiert den ADR-Deputéierten dofir, eng extra Filière opzebauen, wou Leit op uniforméiert Beruffer virbereet ginn. Och d’Iddi vum Militärlycée bleift intressant. Eis Gesellschaft brauch net nëmmen héich spezialiséiert Leit mee och vill méi allgemeng ausgebilte Leit fir den Déngscht um Bierger an um Land.

Deel dëse Post: