D’Ae vun de Schüler schützen

Computer, Smartphone, Tablet – digital Medie gehéieren zum Alldag vu Kanner a Jugendlecher. An de Schoule ginn dës Medien ëmmer méi heefeg agesat. Et kann ee souguer vun enger progressiver „Bildschirmiséierung‟ vum Unterrecht schwätzen. Onofhängeg vun de kognitiven Implikatioune vun dëser Entwécklung, déi a bildungspolitesche Kreeser kontrovers diskutéiert ginn, ass dësen Trend och mat gesondheetleche Risike fir d’Schüler verbonnen, z.B. fir hir Aen. Wärend sech normalerweis d’Aelid ongeféier 25-mol pro Minutt op an of beweegt an doduerch d’A mat enger schützender Tréineflëssegkeet iwwerzitt, geschitt dat bei der Aarbecht um Schierm just 7-mol pro Minutt. Dës „Monotonie vum Bléck‟ huet desagreabel Konsequenzen: rout Aen, Juckreiz, d’Ae „brennen‟, d’Vue gëtt beanträchtegt. Ass sech de Schoulministär dëser Problematik bewosst?

Deel dëse Post: