Vum 21. bis de 24. September war d’ADRenalin um Freedom Summit 2012 vun den European Young Conservatives (EYC) vertrueden. Ëm déi 100 jonk Leit aus 20 verschiddene Länner sinn zu Oxford zesummekomm, wou se am Kader vu léierräiche Virträg iwwert déi verschidde Facettë vun der europäescher Politik mat diskutéiert hunn. Ënnert de Riedner waren de fréiere britesche Verdeedegungsminister Liam Fox an den Europadeputéierte Daniel Hannan.

Wéi en Auswee gëtt et aus der Finanz- a Wirtschaftskris? Wéi gëtt eng Walcampagne organiséiert? Wat fir gemeinsam Wäerter kënnen um europäeschen Niveau verdeedegt ginn? Op dës a vill aner Froen hunn ëm déi 100 jonk Leit eng Äntwert kritt, andeems se zu Oxford um Freedom Summit 2012 deelgeholl hunn. D’Delegatioune koumen net nëmmen aus Europa (Island, Dänemark, Färoer Inselen, Vereenegte Kinnekräich, Portugal, Spuenien, Polen, Tschechesch Republik), mä och vu méi wäit (Australien, USA, Kanada). Lëtzebuerg war vertrueden duerch d’Joëlle Giannotte, Presidentin vun der ADRenalin, de Joe Thein Vize-President vun der ADRenalin a Péitenger Gemengeconseiller, an d’Liliana Miranda, Attachée parlementaire.

D’Lëscht vun de Riedner war grad esou international ewéi déi vun de Participanten. De fréiere britesche Verdeedegungsminister Liam Fox an den Europadeputéierte Daniel Hannan gehéieren zu deenen, déi d’Wuert ergraff a sech Zäit geholl hunn, fir mat de Jonken an d’Gespréich ze kommen. Aner Gäscht waren de Mihail Neamtu, President vun der rumänescher Partei Nei Republik, oder och nach den John Shosky, dee Riede fir amerikanesch Presidente geschriwwen huet.

Op d’Invitatioun vun de jonke britesche Konservativen haten déi Jonk d’Geleeënheet dat britescht Parlament, dat heescht d’House of Commons an d’House of Lords, ze besichen.

Zënter zwee Joer ass d’ADRenalin Member vun den European Young Conservatives, eng Vereenegung vu verschiddene Jugendparteien, déi virun 19 Joer gegrënnt ginn ass. D’Joëlle Giannotte ass zënter Mee Vize-Presidentin D’EYC huet hirersäits en enkt Verhältnis zur Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR), an där d’ADR Member ass.