Den 18. Oktober wor den éischte Sommet vun den AECR, der Allianz vun den europäesche konservativen a Reformparteien,  zu Bréissel. D’ADR wor duerch hire President, Fernand Kartheiser, an hire Generalsekretär, Jean Schoos, vertrueden.

An deene verschiddenen Interventioune vun de vertruedene Parteie gouf et e Konsens iwwert d’Noutwennegkeet fir d’Nationalstaaten an Europa nees méi ze respektéieren, hinne méi Rechter ze ginn an Europa an deem Sënn ze reforméieren. D’Äntwert op d’Krisesituatioun vun haut ass net méi Europa, mä manner Europa.  Déi konservativ a Reformparteie ginn de richtege Mëttelwee tëschent de Federalisten an deenen, déi iwwerhaapt keng Integratioun wëllen. Verschidde Parteien hunn och drop higewisen, datt Europa sech soll weiderhin zu senge chrëschtleche Wuerzele bekennen. Anerer hunn erkläert, datt hir Länner net wéilten der Eurozon bäitrieden, obwuel si dat eigentlech den Traitéen no missten.  D’Eurozon wär fir si aus economeschen an aus politesche Grënn keng valabel Optioun méi.

Europa huet sech als Motto „A Villfalt gëeent“ ginn. Dowéinst ass et och wichteg, Europa seng ganz Diversitéit ze loossen an net alles wëllen ze vereenheetlechen. D’Souveränitéit vun den europäesche Staate muss respektéiert ginn, an d’Integratioun däerf net iwwer dat erausgoen, wat onbedéngt néideg ass.

De britesche Premier David Cameron an den tschechesche Premier Petr Necas hu betount, datt manner europäesch Integratioun Europa géing méi staark maachen, well et nees an den A vun de Bierger méi Legitimitéit kritt.

De Fernand Kartheiser huet erkläert, datt déi aktuell Entwécklungen an Europa d’Bierger mat Recht beonrouegen. Vill Leit géinge net méi verstoen, wéi Europa fonctionnéiert. Haut géing déi Manéier, wéi an Europa decidéiert gëtt, weisen, datt Europa Gefore fir eis Demokratie an eis Fräiheet mat sech bréngt. Um Wee fir manner Europa muss ee sech iwwerleeën, wéi eng legal a politesch Weeër kënnen ageschloe ginn, fir dat Zil z’erreechen. Och däerft déi aktuell Kris net benotzt ginn, fir Europa an eng politesch Unioun ze féieren, déi d’Leit net wëllen.

Den David Cameron, de Fernand Kartheiser an de Jean Schoos haten och méi e laangt privat Gespréich, an dem ënner anerem iwwer d’Zesummenaarbecht tëschent de britesche Konservativen an der ADR an iwwer d’Relatiounen tëschent Lëtzebuerg an dem Vereenegte Kinnekräich geschwat gouf.

De Communiqué vun der AECR op Englesch