D’ADR huet dem Gesetzesprojet, duerch deen déi zukünfteg Ierfgroussherzogin soll Lëtzebuergerin ginn, zougestëmmt. D’Nominatioune fir e Posten am Staatsrot an Bedeelegung vu Lëtzebuerg um Internationale Währungsfong gehéieren och zu de Punkten, déi um Programm vun dëser éischter Chamberssëtzung no der Summerpaus stoungen.

Well et eng Traditioun ass, datt de Conjoint vum Ierfgroussherzog déi Lëtzebuerger Nationalitéit kritt, huet och d’ADR dem Gesetzesprojet 6474 zougestëmmt. Doduercher gëtt d’Stéphanie de Lannoy um Hochzäitsdag Lëtzebuergerin. Den Deputéierte Jacques-Yves Henckes huet der Koppel all Guddes gewënscht.

Manner begeeschtert war d’ADR-Fraktioun mat der Nominatioun vu Kandidate fir e Posten am Staatsrot. Zesumme mat aneren Oppositiounsdeputéierten hunn de Gast Gibéryen, de Fernand Kartheiser, de Jacques-Yves Henckes an de Jean Colombera de Sall während dem Vote verlooss, an dat aus Protest. D’ADR verlaangt scho méi laang eng Reform vun der Nominatiounsprozedur fir dës wichteg Institutioun, déi leider vun de gréissere Parteien dominéiert gëtt.

Wat d’Beleedegung um Internationale Währungsfong (FMI) ugeet, ass d’ADR der Meenung, datt Lëtzebuerg disproportionnéiert héich Beiträg an déi international Organisatioune bezilt, an deenen et Member ass. Dëst huet e vill ze grousst Gewiicht op de Staatsbudget. Den Deputéierte Fernand Kartheiser huet aus deem Grond fir eng Neiverhandlung vun de Formelen, déi fir d’Bestëmmung vun eise Bäiträg benotzt ginn, plädéiert. D’ADR huet sech bei dësem Projet enthalen.