D’ADR-Sektioun Péiteng invitéiert op eng Visite vum Europa-Parlament zu Stroossbuerg

D’ADR-Sektioun Péiteng invitéiert Iech häerzlech op eng Visite vum Europa-Parlament zu Stroossbuerg, den 9. September 2013.

De Präis ass 40 € op de Kapp (Bus, Kaffi ënnerwee an Owesiessen abegraff).

Déi éischt 50 Leit, déi de Betrag  vu 40 € abezuelt hunn um Konto LU 84 0019 6600 0417 0000 (BCEELULL) mam Vermierk “ADR Stroossbuerg” si vir.

De Programm gëtt nogeschéckt.

Dir kënnt Iech bis den 30. August 2013 umellen.

Fir méi Informationuen: didopipino@yahoo.fr

De Komitee vun der ADR-Sektioun Péiteng seet Iech elo schonns villmools Merci an hofft e schéinen Dag kënne mat Iech ze verbréngen!

 

Di Domenico Pipino

President vun der ADR-Sektioun Péiteng

Deel dëse Post: