D’ADR muss an der Geheimdéngschtkontrollkommissioun vertruede sinn!

print

No de rezenten Evenementer ronderëm de Geheimdéngscht verlaangt d’ADR, datt all d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, och musse Member an der zoustänneger Kontrollkommissioun sinn. Et ass net akzeptabel, datt engem signifikativen Deel vun de Volleksvertrieder wichteg Informatioune virenthale ginn.

D’ADR stellt fest, datt am Ament wichteg Diskussiounen, déi d’Fëllementer vum Rechtsstaat betreffen, an der Geheimdéngschtkontrollkommissioun geféiert ginn. Grad wéinst der Natur selwer vun deene Gespréicher ass et wichteg, datt all d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, musse kënnen dorunner deelhuelen. An Däitschland, zum Beispill, geet et duer, datt eng Partei am Bundestag vertrueden ass fir och Member an der betreffender Kommissioun ze sinn. Eng ähnlech Regelung wär also zu Lëtzebuerg duerchaus virstellbar.

D’Abezéie vun alle Parteien ass ëmsou méi wichteg, well d’Geheimdéngschtkontrollkommissioun bis dato keng konkret Resultat konnt ervirbréngen an dowéinst och hirer Aufgab net konnt gerecht ginn.

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.