Den 19. Dezember huet de Fernand Kartheiser bekannt ginn, datt e sech als Nationalpresident vun der ADR zréckzitt. Den interim soll den Éierepresident Roby Mehlen bis zum Nationalkongress, dee fir de 17. Mäerz virgesinn ass, iwwerhuelen. De Jean Colombera huet sengersäits wëlles, an deenen nächste Méint als Deputéierten ze demissionéieren.

Am Ufank vu senger Interventioun ass de Fernand Kartheiser op d’Wichtegkeet vum Weiderbestoe vun der ADR agaangen. “Mir sinn iwwerzeegt a motivéiert fir dës Partei weiderzeféieren, well se eng onbestreitbar Plaz an e wichtege Rôle an der politescher Landschaft vun dësem Land huet a féiert”, esou den Deputéierten. “Dës Partei ass déi, déi am däitlechsten hir Oppositounsroll spillt. (…) Et wär Schued fir déi politesch Kultur an dësem Land, wann d’Positiounen, déi d’ADR vertrëtt, an der Diskussioun géinge feelen.”

De Fernand Kartheiser zitt sech als Nationalpresident zréck. Bis zum Nationalkongress, dee fir de 17. Mäerz virgesinn ass, iwwerhëlt den Éierepresident Roby Mehlen den Interim. Hie gëtt dobäi assistéiert vum Generalsekretär Jean Schoos.

D’ADR ass eng Partei, “déi u sech selwer gleeft an déi hir Zukunft positiv gesäit”, esou de Fernand Kartheiser.

Den Nord-Deputéierte Jean Colombera huet sengersäits gesot, datt e wëll an deenen nächste Méint seng Demissioun als Deputéierten areechen. Säi Mandat géif da vum Jeff Engelen iwwerholl ginn.