Elo, wou de Bilan vun der Schueberfouer gezu gëtt, ass d’ADR der Meenung, datt nieft dem Fammilljendag, dem Biergerdag, dem Buergermeeschterdag an ähnlechen Initiativen och en Dag fir déi behënnert Matbierger soll ageféiert ginn. D’Spiller sollten op deem Dag fir jiddfereen accessibel sinn.

Et ass wichteg, datt eis Gesellschaft endlech de behënnerte Matbierger e gläichberechtegten Zougank zu allen Deeler vum Liewe garantéiert, an dozou gehéiert natierlech och déi gréisste Kiermes am Land.

Op deem Dag sollten d’Spiller sech op déi behënnert Matbierger an hir Begleetpersounen, respektiv Begleethënn, astelle fir hinnen z‘erméiglechen – esou wäit wéi méiglech – kënnen un allen Aktivitéiten op der Fouer deelzehuelen. An Zesummenaarbecht mat der Gemeng misst och dofir gesuergt ginn, datt déi speziell Transportmëttele fir déi Leit deen Dag kéinten ongehënnert Zougang kréien.

D’ADR presentéiert dës Propositioun am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a Form vun enger Motioun a fuerdert all Parteien op dës Iddi am Interessi vun de behënnerte Matbierger mat z‘ënnerstëtzen!