D’ADR – Fraen zum internationale Fraendag: Richteg Politik fir d’Fraen amplaz e falsche Streik! D’ADR Fraen wënschen haut alle Fraen e ganz schéine Feierdag! De Fraendag ass ëmmer eng Geleeënheet fir drun ze denken an ze erënneren, wéi vill Wichteges, Schéines a Wäertvolles d’Fraen eiser Gesellschaft schenken. Dowéinst ass et gutt, wann dësen Dag eng Geleeënheet bitt, besonnesch där weiblecher Hallschent vun der Mënschheet déi verdéngten Unerkennung ze ginn! D’ADR Fraen sinn iwwerzeegt, datt et wichteg ass, datt d’Leeschtung an d’Aarbecht vun de Fraen hir gerecht Unerkennung fannen. Dozou gehéiert natierlech och d’Aarbecht an d’Präsens vun enger Mamm an hirer Famill, déi besonnesch fir hir Kanner onendlech wäertvoll ass. De Fraendag ass fir d’ADR-Fraen och ëmmer en Dag un dem ee muss un d’Mammen an d’Bomien denken an hinne Merci soen. De Fraendag däerf awer net dozou instrumentaliséiert ginn fir Fraen a Männer géinteneen opzestëppelen! D’ADR Fraen sinn dobäi och iwwerzeegt, datt vill Beruffer an eiser Gesellschaft méi Unerkennung géinge verdéngen, och an der Fleeg, am Gesondheetssecteur an an den Hygiènesberuffer. Dat betrëfft ganz bestëmmt vill Fraen, awer eben och vill Männer déi a schwéieren a schlecht bezuelte Beruffer schaffen. D’ADR Fraen si fir eng Sozialpolitik déi all deene Leit e gerechten Loun a mënschlech Aarbechtsbedingunge offréieren. Dowéinst ass e Streik um Fraendag dee falsche Wee: et sinn eben net nëmme Frae vun esou soziale Problemer betraff! Wann ee mat esou eesäitege Fuerderungen an Aktiounen probéiert dem Fraendag nach eng Existenzberechtegung als e „Kampfinstrument“ ze ginn, ass kloer datt den Dag seng Existenzberechtegung ka ganz séier verléieren. D’Fraen sinn haut gläichberechtegt an dat wat viru ville Joren gerechterweis gefuerdert gouf ass haut realiséiert. Elo geet et drëm d’Fraen an d’Männer fräi an eegebestëmmt liewen ze loossen! D’ADR-Fraen sinn dowéinst fir de Choix: eng Fra déi sech wëll ganz hirer Famill consacréieren, soll dowéinst net kritiséiert oder esou guer vun der Politik bestrooft ginn! D’ADR- Fraen si familljefrëndlech an ënnerstëtzen dowéinst d’Aféierung vum ADR -Elteregeld dat de Fraen déi néideg materiell Ofsécherung gëtt fir kënnen, wa si dat wëllen, ganz fir hir Famill do ze sinn!  

Pressematdeelung vun den ADR-Fraen vum 7. Mäerz 2020