Fënnef Joer Gambia ginn op en Enn. Fënnef Joer, an deene Gambia eng ideologesch Familljepolitik gefouert huet, déi all déi Famillen benodeelegt huet, déi sech entscheet hunn, datt een Elterendeel doheem bleift fir d’Kanner ze erzéien. Fënnef Joer, an deene grondleeënd Rechter vun de Kanner violéiert goufen, andeems d’Regierung et net méi fir néideg hält, datt all Kand e Recht drop huet, mat senge biologeschen Elteren opzewuessen. Zesumme mat hirer Presidentin, Sylvie Mischel, setzen sech d’ADR-Fraen zanter Joren dofir an, datt d’Kanner an hire Rechter gestäerkt ginn. Op enger gutt besichter Pressekonferenz vum 14. August hunn d’ADR-Fraen e Bilan vun der Gambia-Politik an hir Konsequenzen op d’Famill gezunn.

Et steet fir d’Sylvie Mischel net zur Debatt, datt all Kand e Recht op eng optimal Erzéiung an engem gesonde familiären Ëmfeld muss hunn. Leider huet net mol all Kand d’Chance, sech iwwerhaapt entwéckelen ze däerfen: Duerch eng Liberaliséierung an Depenaliséierung vun der Ofdreiwung ass ënnert Gambia den Doudesrisiko fir ongebuere Kanner däitlech geklommen. Och beim Thema Schoulpolitik huet d’Presidentin vun den ADR-Frae kee gutt Hoer un der Regierung gelooss: Diplomer, déi drastesch u Wäert verléieren si genee sou ugeschwat gi wéi déi onnëtz a fir d’Kanner schiedlech Fréisexualiséierung. Weider Theme waren d’Sécherheet vun de Fraen am ëffentleche Raum, déi ideologesch an diskriminéierend Fraequot an déi gelungen Approche vum „Conseil National des Femmes du Luxembourg“ (CNFL), dee sech als Sproochrouer vun de Fraen zu Lëtzebuerg versteet, an dobäi all Meenunge verbitt, déi net hirem politeschen an ideologesche Weltbild entspriechen.