Op Ufro vun der ADR gouf de 15. Oktober an der Mediekommissioun vun der Chamber iwwer den ëffentlech-rechtlechen Optrag vun RTL diskutéiert. D’ADR stellt fest, datt an engem wichtegen RTL-Opsiichtsgremium d’Fraktiounscheffen vun e puer politesche Parteie vertruede sinn (de Marc Spautz fir d’CSV, de Lucien Lux fir d’LSAP an de Claude Meisch fir d’DP), aner Parteien awer net. Och de fréiere Minister an CSV-Fraktiounschef Jean-Louis Schiltz ass nach ëmmer Member vum RTL-Verwaltungsrot. Datt sech opgrond vun esou Fakte legitim Froen iwwer déi politesch Neutralitéit vun RTL däerfe gestallt ginn, läit fir d’ADR op der Hand.

D‘Regierung huet argumentéiert, datt déi Politiker nëmmen am Verwaltungsrot géinge setzen, fir sech kënnen iwwer d’Ausriichtung an d’Entwécklung vum Konzern e Bild ze maachen. Mä och da stellt sech ëmmer nach d’Fro firwat just dräi Parteie vu sechs, déi an der Chamber sinn, sech op déi Manéier solle kënnen informéieren.

D’ADR huet verlaangt, datt d‘Mediekommissioun sech an nächster Zukunft mam ëffentlech-rechtlechen Optrag vun RTL befaasst. Et soll och d’Situatioun beim Radio 100,7 ënnersicht ginn an och de Vergläich mat der Regelung an Däitschland fir ARD an ZDF gezu ginn. An Däitschland gëlle streng Regelen, sou datt d’Regierung an hir Parteien op där enger Säit, an d’Oppositioun op där anerer Säit ongeféier gläich vill zu Wuert kommen. Och zu Lëtzebuerg misst déi gläich Verdeelung vun der Zäit tëschent Majoritéit an Oppositioun als Grondsaz festgeschriwwe ginn.

Fir d’ADR ass selbstverständlech, datt d’Politik sech net däerf an déi redaktionnell Fräiheet vun RTL amëschen an datt d’Fräiheet vun der Press muss integral respektéiert ginn. Mä fir eng eesäiteg Beaflossung vun oder souguer Drock op RTL ze verhënneren, sollten d’Kontrollstandarden dem internationalen Niveau ugepasst ginn.

An deem Zesummenhank erënnert d’ADR och un hir parlamentaresch Fro vum 9. Januar 2012 iwwer en Telefonsuruff vum Premier Juncker bei RTL.

En Dossier zum Konzessiounsvertrag tëscht der Regierung, CLT-UFA, RTL Group a Bertelsmann AG