De Budget vun der europäescher Union soll bis 2020 ëm 5% wuessen… an d’EU-Bierger sollen dofir mat enger neier Europa-TVA begléckt ginn! D’ADR seet neen zu Europa-Steieren an fuerdert datt d’Spuerpläng déi d’europäiesch Instanzen de Memberstate wëllen imposéieren, och fir Bréissel gëllen.

Tëschent 2012 an 2020 sollen d’Ausgabe vun der europäescher Union ëm 5% klammen. Fir dëst Zil ze erreechen, a mat der Erkenntnis datt déi eenzel Memberstaten sech striewen fir méi Geld un Europa ze iwwerweisen, huet d’EU-Kommissioun virgeschloen, sech nei „Eegemëttelen“ ze erschléissen. Dëst soll iwwer de Wee vun zwou Taxe goen: eng nei „EU-TVA“ an eng Tax op de Finanztransaktiounen (op de Modell vun der Tobin-Tax).

D’ADR seet decidéiert NEEN zu europäesche Steieren! Esou wéi schonns haut béi villen aneren Decisiounen, déi schwéier um nationale Plang duerch ze sëtze sinn, géif sech dann an Europa eng Majoritéit fannen, fir onpopulär Moossnamen duerchzesetzen. Um nationale Plang brauchen ons Politiker dann nëmmen op Bréissel hinzeweisen. Wat als Resultat erauskënnt, kann haut schonns all Lëtzebuerger gesinn, wann en seng Waasserrechnunge vergläicht!

Fir d’ADR gëllt weider de Prinzip, dat Steieren an Taxen déi zu Lëtzebuerg erhuewe ginn, mussen integral an de Lëtzebuerger Budget fléissen! Iwwert d’Héicht vun deenen Taxen däerf nëmmen ons national Chamber decidéieren. A Steiersaachen, wann da schonns missten Decisiounen um europäeschem Niveau geholl ginn, muss op alle Fall d’Unanimitéit bestoe bleiwen, dat heescht datt déi eenzel Memberstate mussen e Veto-Recht hunn.

D’ADR ass géint eng EU-TVA a géint d’Erhéijung vun dëser Tax, déi all Bierger betrëfft an e ganz direkten Afloss op d’Kafkraaft huet. Et kann och net sinn, wou dem Bierger grouss Sacrificen opgeluecht gi fir de Staatshaushalt an den Equiliber ze bréngen, datt e gréisseren Deel vun dëser wichteger Recette „automatesch“ vum nationalen an den europäesche Budget fléisst.

Par konter verschléisst d’ADR sech net der Iddi vun enger internationaler Tax op de Finanztransaktiounen. De Finanzsecteur, deen eng wesentlech Responsabilitéit fir d’Entstoe vun deene leschte Krisen dréit, muss och fir d’Léisung dovun erugezu ginn! Fir d’ADR ginn et awer zwou Grondbedingungen fir eng Art „Tobin-Tax“ anzeféieren. Éischtens muss dës weltwäit gëllen, op allen internationale Finanzplazen agezu ginn, esou datt weder Europa nach Lëtzebuerg vun enger Delocalisatioun vun der Finanzindustrie betraff ginn. Zweetens mussen d’Recettë vun dëser Tax an déi national Budgeten afléissen an esou ënner d’Kompetenz an d’Responsabilitéit vun de nationale Parlamenter falen. Esou Recetten däerfen net a supranational Gremie fléissen, wou d’Decisiounsorganer net der direkter Legitimatioun vun de Wieler ënnerleien.

Fir d’ADR ass kloer datt den EU-Budget muss gréisstendeels vun de Memberstate gedroe ginn, mat kloere Regelen an dem Sënn fir eng gerecht Solidaritéit ënner de „räichen“ an den „aarme“ Memberstaten. A kengem Fall awer däerf Europa zu enger „Transferunioun“ ginn, wou mat engem gewëssen Automatismus d’Geld vun deenen engen an déi aner Länner fléisst, ouni den Afloss an Entscheedung vun den nationale Parlamenter.