D’ADR ass fir d’Famill a fir d’Kand

No laangem Waarden a vill Sträit war den Dënschdeg, 9. November, endlech d’Vereenegung Schutz fir d’Kand an der Chamber fir hir Petitioun Nr. 343 géint d’Homo-Bestietnis an géint d’Gesetz iwwer d’Procréation médicalement assistée an d’Gestation pour autrui (PMA/GPA), déi e grousse Succès (mat digitalen an handschrëftlechen Ënnerschrëften) hat, ze diskutéieren. Si hunn eng Rëtsch ganz staark Bedenke virbruecht a besonnesch hir Suerg iwwer Kanner an homosexuelle Koppelen zum Ausdrock bruecht a mat Beispiller beluecht.

Ënnerstëtzung fonnt hu si beim Fernand Kartheiser, dee d’Roll vun der Famill an d’Rechter vum Kand verdeedegt huet: Et gëtt d’Rechter vum Kand, awer kee Recht op e Kand, huet hie gemengt, a sech gefrot, ob d’Lëtzebuerger wëssen, datt mam Gesetz iwwer d’Homo-Ehe d’rechtlech Kategorien “Mamm” a “Papp” aus dem Code civil gestrach gi sinn.

D’ADR steet fir d’Rechter vun der Famill a vum Kand. Firwat d’CSV steet, huet de Gilles Roth a senger kuerzer Interventioun och kloer gemaach: nämlech fir d’Ofschafe vu Mamm a Papp a fir d’Homo-Ehe. An et ass kee Wonner: D’Gesetz ass ënnert der Regierung Juncker beim Minister François Biltgen entstan an hat als Rapporter en aner CSV-Mann, de Paul-Henri Meyers, wéi den Deputéierte Gilles Roth selwer um Enn vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser senger Ried erklärt.

Deel dëse Post: