De 7. November hat eng Delegatioun vun der ADR eng Entrevue mam President vun der ASBL Trisomie 21 Lëtzebuerg. Geschwat gouf virun allem iwwert den Encadrement vun de Kanner a vun den Erwuessener mat Down Syndrom.

D’ADR war frou, fir méi iwwert dës Associatioun an hir Aktivitéite gewuer ze ginn. Den Dokter François Gallego, President vun der ASBL, huet drop opmierksam gemaach, datt besonnesch den Encadrement vun den Erwuessene mat Down Syndrom eng Rei Froen opwerft. Et gouf och iwwert en neien Test, deen e méi einfachen Depistage vun der Trisomie 21 erlaabt, diskutéiert.

D’ADR war vertrueden duerch de Fernand Kartheiser, President, an d’Liliana Miranda, Attachée parlementaire.