Den 12. November hat d’ADR eng Entrevue mat der NGL-SNEP. An engem konstruktive Gespréich konnten divers Themen, wéi z.B. d’Staatsfinanzen, den Dossier Cargolux, d’Pensiounsreform, den Index an d’Beschäftegungsinitiativen, ugeschwat ginn.

Besonnesch dramatesch ass déi aktuell Situatioun vun den ëffentleche Staatsfinanzen. D’ADR huet drun erënnert, datt si eng Rei vu Spuerpropositiounen, duerch déi de Budget nees kéint an den Equiliber kommen, ausgeschafft huet.

Am Dossier Cargolux ware sech d’ADR an d’NGL-SNEP eens, datt d’Investisseuren aus dem Katar vill Froen opwerfen, an dat um politeschen, um economeschen an um soziale Plang.

Aner Themen, déi ugeschwat goufen, sinn d’Pensiounsreform, den Index an d’Beschäftegungsinitiativen.

D’NGL-SNEP war vertrueden duerch de Jos Lutgen, Vize-President, de Jean-Claude Poos, President, an den Armand Wildanger, Generalsekretär. D’ADR war vertrueden duerch de Gast Gibéryen, Fraktiounschef, de Fernand Kartheiser, Nationalpresident, an d’Liliana Miranda, Attachée parlementaire.